Vill Asätz um SamschdegCyclist vun Auto ugestouss an zwee Blesséierter bei zwee Accidenter

RTL Lëtzebuerg
D'Ekippe vum 112 haten e Samschdeg de Mëtteg vill ze dinn. Uechter d'Land war et zu sechs Accidenter mat am Ganzen dräi Blesséierte komm.
© RTL

Kuerz no 13 Auer hat et zu Dikrech an der Rue Bamertal tëscht zwee Autoe geknuppt. D’Rettungsdéngschter vum Zenter Nordstad waren op der Plaz.

Um CR321 tëscht Dol an Nacher koum et eng hallef Stonn méi spéit zu enger weiderer Kollisioun. Och hei gouf kee blesséiert. D’Ambulanciere vun Housen an d’Pompjeeë vu Géisdref waren op d’Plaz geruff ginn.

Ee Blesséierte gouf et dann an der Uewerstad um Boulevard Joseph II, wou zwee Autoen net laanschtenee koumen. Hei waren d’Stater Rettungsekippen am Asaz.

Och e Samschdeg de Mëtteg kuerz viru 15 Auer hat en Handy en Noutruff wéinst engem Accident geschéckt. Dat op der N13 tëscht Beetebuerg an Helleng. D’Pompjeeë vu Beetebuerg an d’Ambulanciere vu Schëffleng hu sech ëm den accidentéierte Won gekëmmert.

Op der A13 a Richtung Péiteng hat et géint 15.10 Auer tëscht zwee weideren Autoe geknuppt, woubäi eng Persoun verletzt gouf. Op der Plaz waren d’Rettungsdéngschter vun Esch a vum Zenter Suessem-Déifferdeng.

An der Lëtzebuerger Strooss zu Iechternach war um 16 Auer en Accident gemellt ginn, bei deem e Cyclist vun engem Auto ugestouss a verwonnt gouf. D’Blessure ware wuel sou uerg, datt de Verletzten huet misse mam Helikopter vun der Air Rescue an d’Spidol bruecht ginn. Donieft waren och d’Secouriste vun Iechternach a Mäertert um Asaz bedeelegt.

Back to Top
CIM LOGO