Warnung oder Strofdot?Däerf ech Fotoe vu "verdächtege" Leit verëffentlechen?

RTL Lëtzebuerg
Ëmmer méi dacks kënnt et vir, datt Leit Fotoe vun - aus hirer Vue - "verdächtege" Persoune verëffentlechen, déi sech virun engem Haus oder Wunneng ophalen.
Beispillfoto
Beispillfoto

Dacks gëtt gefaart, et kéint sech ëm potenziell Abriecher handelen, dofir landen esou Fotoen net seelen onverpixelt an de soziale Reseauen, meeschtens mat der Intentioun, d’Noperen an anerer ze warnen. Mä ass dat iwwerhaapt erlaabt? Dacks kënne sech esou Posts jo och als falschen Alarm erausstellen.

D’Police huet eis op Nofro hin erkläert, datt eng Persoun, déi an dësem Fall op enger Foto ze gesinn ass, d’Recht huet, eng Plainte ze maachen, wann online Informatioune (a Form vun Text, Videoe, Fotoen oder Änleches) verëffentlecht ginn, déi op se schléisse loossen. Verstéisst een also géint d’Dateschutzreglementatiounen, da kann et zu juristesche Konsequenze kommen. Géint d’Gesetz verstéisst een ausserdeem, wann et an esou engem Post zu enger sougenannter “Incitation à la haine”, also engem Opruff zum Haass kënnt. Beispillsweis, andeems een der Persoun op der Foto ënnerstellt, kriminell ze sinn. D’Police verweist an deem Zesummenhang op den Artikel 457-1 aus dem Code pénal, deen dobäi zum Asaz kënnt. Dëse seet Folgendes:

“Est puni d’un emprisonnement de huit jours à deux ans et d’une amende de 251 euros à 25.000 euros ou de l’une de ces peines seulement:
1) quiconque, soit par des discours, cris ou menaces proférés dans des lieux ou réunions publics, soit par des écrits, imprimés, dessins, gravures, peintures, emblèmes, images ou tout autre support de l’écrit, de la parole ou de l’image vendus ou distribués, mis en vente ou exposés dans des lieux ou réunions publics, soit par des placards ou des affiches exposés au regard du public, soit par tout moyen de communication audiovisuelle, incite aux actes prévus à l’article 455, à la haine ou à la violence à l’égard d’une personne, physique ou morale, d’un groupe ou d’une communauté en se fondant sur l’un des éléments visés à l’article 454;"

Wat soll een amplaz mat esou Opname maachen? Déi richteg Ulafstell ass virop d’Police. Wiem eng Persoun verdächteg virkënnt, dee soll eventuell Fotoen oder Videoen dem 113 zoukomme loossen.

“Dat natierlech ëmsou méi, wann och effektiv eng Strofdot geschitt ass. Esou Informatiounen, genee esou wéi d’Reaktiounen op privat Zeienopriff kënnen nämlech wichteg Elementer fir eventuell Ermëttlunge sinn”, betount d’Police an deem Zesummenhang.

Beispillfoto
Beispillfoto

Back to Top
CIM LOGO