Un der Grenz mat LëtzebuergDäitsch Poliziste kontrolléieren Autoschaufferen

RTL Lëtzebuerg
Zanter e Méindeg de Moien 8 Auer ass op der däitscher Säit vun der Tréierer Autobunn ee stationäre Kontrollpunkt aktiv.
Un der Grenz mat Lëtzebuerg: Däitsch Poliziste kontrolléieren Autoschaufferen
Zanter 8 Auer ass op der däitscher Säit vun der Tréierer Autobunn ee stationäre Kontrollpunkt aktiv.

Am Fong hunn d’Kontrollen um Mëtternuecht ugefaangen. De stationäre Kontrollpunkt ass wärend 7 Deeg op 7 wärend 24 Stonnen opgebaut. Et géifen awer just Stéchprouwe gemaach, dat sot de Spriecher vun der Bundespolizei Tréier Stefan Döhn RTL op Nofro hin. Et wéilt een den Trafic vun de Grenzpendler sou mann wéi méiglech perturbéieren.

Op der Tréierer Autobunn, e puer Kilometer hannert der Grenz, huet ee scho kuerz no der Mëttesstonn e bësse méi Gedold gebraucht. Zwar war et net de Beruffstrafic, an dee wëllt een och esou mann wéi méiglech stéieren, ma eng 10 Minutte Stau gouf et trotzdeem. Et ass e permanente Kontrollpunkt, wou d’Poliziste mat Stéchprouwen d’Carte-d’Identité, an d’Pabeiere vum Auto kontrolléieren. Deementspriechend sollt een déi Dokumenter prett hunn: “Wenn jemand jetzt zur Zeit kommt, der nicht einreisen darf, eine Wiedereinreisesperre hat, oder kein Visum, keinen Titel hat, oder er hat keine Papiere für Deutschland, kann man denjenigen zurückweisen Richtung Luxemburg”, erkläert de Stefan Döhn, Spriecher vun der Bundespolizei Tréier.

Do géif en da vun der Lëtzebuerger Police empfaange ginn. Dat cocasst un der Saach: Asyldemandeure muss Däitschland weiderhin unhuelen, an déi Demanden intern traitéieren. Dat kéint sech awer an Zukunft nach änneren, je nodeem, wat zu Berlin decidéiert gëtt.

Zwar wier Lëtzebuerg-Däitschland net déi Haapt-Schleuser-Route-ma scho bei de Grenzkontrolle fir d’EM hätt een eng ganz Rëtsch Infraktioune festgestallt. Eng konkret Zuel gouf et net.

Et géing bei deem enge stationäre Grenzposte bleiwen, op deenen anere Grenziwwergäng géinge mobil oder just punktuell stationär Kontrolle gemaach. Déi däitsch Regierung huet bei der EU-Kommissioun ugefrot, fir wärend deenen nächste sechs Méint Grenzkontrollen duerchzeféieren. Domadder soll déi illegal Migratioun bekämpft ginn. Dem Stefan Döhn hätten d’Grenzkontrolle wärend der Fussball-EM dann och gewisen, datt illegal Migratioun ee seriöe Problem wier. Zwar wier Lëtzebuerg-Däitschland net déi Haapt-Schleuser-Route, ma scho bei de Grenzkontrolle fir d’EM hätt een eng ganz Rëtsch Infraktioune festgestallt. Eng konkret Zuel gouf et net.

De Lëtzebuerger Inneminister an den “Tagesthemen”

Den Inneminister Léon Gloden war an den däitschen “Tagesthemen” an huet do gesot, datt eng unilateral Virgoensweis net de richtege Wee wier. Et wier een “Alleingang” vun Däitschland. Hie wier sech awer sécher, datt déi däitsch Autoritéiten d’Rechtslag am Virfeld gutt iwwerpréift hätten.

De Léon Gloden am Interview bei den Tagesthemen

Stellungnam vun der Saar-Lor-Lux-Internationale (SLLI)

D’Sozialisten aus der Groussregioun maache sech an engem Schreiwes eeschthaft Suergen ëm d’Europa ouni Grenzen, eppes dat duerch Aktiounen wéi elo an Däitschland an eeschthafter Gefor wier. Dobäi kënnt, dass dës Kontrolle säitens Däitschland mat Sécherheet zu Retarden a Behënnerungen an Austausch an der Groussregioun suerge wäert. Virun allem Pendler wiere betraff, ma awer och mat negative wirtschaftleche Konsequenzen ass ze rechnen.

Am Kader vu Mesure géint illegal Migratioun wier d’Prinzip vun der Proportionalitéit ze consideréieren, fest Grenzkontrolle wieren der SLLI no net verhältnisméisseg, well et keng belaaschtbar Erkenntnisser iwwer illegal Awanderungsroute an der Groussregioun géif ginn.

Et gëtt dohier gefuerdert, d’Kontrollen net op de Grenzen, ma bannent am Land duerchzeféieren. Och d’Dauer vun de Kontrolle misst op e Minimum beschränkt an d’Situatioun ëmmer nees nei evaluéiert ginn.

Schreiwes vun der Saar-Lor-Lux-Internationale am PDF!

Back to Top
CIM LOGO