Vum 1. Januar unD'Aktivitéite vum Stroum- a Gasfournisseur "Electris" gi vun "Enovos" iwwerholl

RTL Lëtzebuerg
Dat selwecht gëllt fir Remuneratiounskontrakter fir d'Stroum-Produktioun. Dëst geschitt an der Suite vun der Reprise vum Proprietär vun Electris.

De Traditiouns-Grupp “Hoffmann Frères Energie et Bois” gouf rezent vum Grupp “Encevo” iwwerholl, zu deem “Enovos” gehéiert. D’Kontrakter ginn automatesch transferéiert.

D’Cliente kënne sech op electris.lu informéieren.

D’Gebridder Hoffmann koumen aus dem Holzberäich. Nieft der Veraarbechtung vu Holz war 1927 zu Miersch och mat der Distributioun vu Stroum ugefaange ginn.

Back to Top
CIM LOGO