
D’Iwwerwaachungskommissioun CSSF hat eng sougenannt “requête en sursis de paiement” beim zoustännege Geriicht eragereecht, dat nodeems d’Europäesch Zentralbank der Band Havilland SA rezent den Agrement ewechgeholl hat. De De System “SIIL” fir Creancieren ze indemniséiere gouf aktivéiert, dat bis zu engem Montant vun 20'000€, heescht et an engem Schreiwe vun der CSSF.
D’Bank Havilland war an der Lescht ëmmer nees negativ an d’Schlagzeile geroden, wéinst dubiéiser Gouvernance an deels doutéise Geschäftsrelatiounen.
D’Bank selwer hat op hirem Site annoncéiert, datt ee Recours géing aleeë géint d’Decisioun vun der EZB. D’Bank Havilland S.A. mat Sëtz zu Lëtzebuerg ass eng 100% Duechtergesellschaft vum Grupp Havilland. Zu Lëtzebuerg schaffen eng 130 Leit bei der genannter Bank.