CGDIS, Creos a Police am AsazDampentwécklung op engem Chantier am Kräizgrënnchen

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg an der Mëttegstonn koum et am Kräizgrënnchen an der Stad zu enger Dampentwécklung op engem Schantjen. 
© RTL

Éischten Informatiounen no huet et sech ëm een technesche Probleem an enger provisorescher Stroumkëscht gehandelt.

Op der Plaz waren de CGIDS, d’Police an d’Creos.

© RTL

Weider Tëschefäll um Samschdeg

Géint 9.30 Auer ass zu Helleng ee Motocycliste gefall. Hei war de Samu op der Plaz. De CGDIS mellt ee blesséierten.

Dann huet e Samschdeg de Moien um Belair an der Stad nach den Daach vun engem Haus gebrannt. Hei ass et beim Materialschued bliwwen.

Am Lokale gouf et dann nach e Freideg den Owend géint 19.10 Auer en Autosaccident tëscht Reiland an dem Blummendall. Eng Persoun gouf blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO