Wéinst internen DifferenzenDaniel Frères denkt iwwert Austrëtt bei de Piraten no

Marc Hoscheid
Wann de Sträit tëscht dem Sven Clement an dem Marc Goergen net geléist gëtt, géing hien d'Partei verloossen. Eng Alternativ kéint ganz séier gegrënnt sinn.
© RTL-Archiv

D’Statutte vun enger “Déiereschutz a Mënscheschutzpartei” wieren nämlech scho geschriwwen an hien hätt och eng Partie potenziell Memberen aus dem Beräich vum Déiereschutz, esou den Daniel Frères vis-à-vis vun RTL. Dat als Äntwert op d’Fro, ob hie wéinst dem Sträit tëscht den zwee Piraten-Deputéierte Sven Clement a Marc Goergen iwwert een Austrëtt nodenke géing. Am Fong géing hien hannert de Kulisse probéieren, tëscht deenen Zwee ze vermëttelen, dat hätt hien och an der Vergaangenheet ëmmer rëm gemaach, mee sollt de Sträit net geschwë bäigeluecht sinn, géing hie senger Wee goen. Dat hätt hien dem Sven Clement an dem Marc Goergen och gesot.

D’Piraten wëlle jo dësen Hierscht ee Parteikongress organiséieren, op deem ënnert anerem nei Statutten ugeholl solle ginn. Et gëtt sech erwaart, datt deemno wéi och doriwwer geschwat gëtt, ob ee vun deenen zwee Deputéierten d’Partei verloosse soll. Dat wier dem Daniel Frères no awer genee dee falsche Wee, senger Meenung no missten all d’Differenze virum Kongress aus der Welt geraumt sinn. Sollt dat net de Fall sinn, kéint et nach dëst Joer zum Parteiaustrëtt kommen.

Behält den Daniel Frères säi Posten am Réimecher Gemengerot?

Hannergrond vum Sträit tëscht dem Marc Goergen an dem Sven Clement ass, datt si sech géigesäiteg virwerfen, sech op Käschte vun der Partei finanziell beräichert ze hunn a fir een toxescht Aarbechtsëmfeld responsabel ze sinn. Ugefaangen hat déi ëffentlech Schlammschluecht, nodeems den Deputéierte Ben Polidori annoncéiert hat, d’Partei ze verloossen. Hien hat dat domadder begrënnt, datt et Problemer am Fonctionnement vun der Partei an Differenzen an der klenger parlamentarescher Ekipp ginn hätt.

Den Daniel Frères sëtzt iwwregens fir d’Piraten zu Réimech am Gemengerot. Ob hien der Partei säi Mandat am Fall vun engem Austrëtt zeréckgëtt oder et awer behält, dat wéisst hien nach net.

Back to Top
CIM LOGO