Zejoert ass d’Agence eSanté an nei Büroen op Stroossen geplënnert. D’Zuel vun aktuell 50 Mataarbechter wäert op 80 eropgeschrauft ginn. Zanter Mëtt Juni huet d’Agence eSanté mam Alexandre Baumeister och een neie Generaldirekter.
D’Defie si grouss. Am Fréijoer 2029 soll den EEDS, den europäeschen Espace fir Gesondheetsdonnéeën, funktionéieren. An enger éischter Phas mol fir Patientendossieren an Ordonnancen. 2031 dann och fir Imagerie médicale a Labosresultater. D’Donnéeë vum Patient wäerten dann op enger Plaz verwalt a grenziwwerschreidend benotzt kënne ginn.
“Dat heescht, wann e lëtzebuergesche Patient zu Bréissel an eng Unisklinik geet an e kënnt hei op Lëtzebuerg bei säi Médecin traitant oder och bei e Spezialist, da kënnen déi op déi Donnéeën zréckgräifen”, erkläert de Marc Hostert, President vun der Agence eSanté.
D’Gesondheetsdonnéeë wäerten och strukturéiert ginn, fir datt een eng laangfristeg Evolutioun vun den Date ka gesinn. A se ginn norméiert, fir datt all d’Professioneller aus dem Gesondheetssecteur se ka benotzen.
“Dat heescht, d'Chancë vum Patient sollen an d'Luucht goen duerch sou e System, well e méi séier ass a méi performant”, ënnersträicht de Marc Hostert.
Ausserdeem sollen d’Donnéeën duerno anonymiséiert der Recherche an der Innovatioun zur Verfügung gestallt ginn. Och dat soll dem Patient spéider zegutt kommen. Fir awer mol bis dohin ze kommen, muss den DSP weider verbessert an ugepasst ginn.
Och soll den DSP nach méi benotzerfrëndlech ginn. E vereinfachten Zougang ass zanter Januar iwwer MyGuichet méiglech. Ausserdeem ginn d’Imagerie médicale an d’Resultater vun de Laboen dra gespäichert. “Dofir ginn d'Statistiken och massiivst an d'Luucht”, seet de President vun der Agence eSanté.
Bannent de leschten 12 Méint goufe ronn 3.260 DSPen de Mount aktivéiert. Dat ass eng Hausse vun 30% par Rapport zum Joer virdrun.
Den Zougang soll nach weider verbessert ginn, zum Beispill fir Generalisten, deenen hir Patiente beispillsweis keng Zougangsinformatiounen dobäi hätten.
“Et c'est ce genre de choses que nous voulons faire, non pas dans un objectif d'atteindre des chiffres d'usage, mee de s'assurer que quand on en a besoin, on y accède, de façon sécurisée mais simple”, erkläert den neie Generaldirekter Alexandre Baumeister.
Well d’Sécherheet vun de Patienten Donnéeën hätt awer nach ëmmer iewescht Prioritéit. Als hire Fonds de Commerce gesäit d’Agence eSanté nämlech d’Vertraue vun de Leit.