Petitioun an der Chamber diskutéiertDat einfacht Heesche gëtt aus dem Code pénal erausgeholl

RTL Lëtzebuerg
Et géing ee Kloerheet schafen an de Punkt 6 vum Artikel 563 aus dem Code pénal eraushuelen, sou d'Justizministesch Margue e Mëttwoch an der Chamber.
Dat einfacht Heesche gëtt aus dem Code pénal erausgeholl
Et géing ee Kloerheet schafen an de Punkt 6 vum Artikel 563 aus dem Code pénal eraushuelen, sou d’Justizministesch Margue e Mëttwoch an der Chamber.

Chamberdebatt iwwer d’Heesche-Petitioun / Reportage: Carine Lemmer

D’Heesche soll also net méi zu all Zäit an iwwerall verbuede sinn. De “Vagabond” gëtt och aus dem Code pénal gestrach. Méi eng modern Formuléierung, wat dat aggressiivt Heeschen ugeet, wär néideg. Bei der Reform vum Code pénal sollen och aner Saache geännert ginn, wéi zum Beispill den Duell. Méi spéit sollen och d’Strofen ugepasst ginn.

Den Innen- a Policeminister Léon Gloden huet iwwerdeems confirméiert, datt weider un engem richtege Platzverweis geschafft gëtt, sou wéi et am Koalitiounsaccord steet. Och e Gesetz iwwer Gemenge-Reglementer vun der Police wär an der Maach, fir eng legal Basis op verschiddene Punkten ze kréien, déi haut net iwwerall gi wär. Hien huet och nach emol un de Gesetzestext vun der viregter Regierung erënnert, deen de Minister Bausch am Oktober nach deposéiert hat. Am ëffentlechen Transport soll d’Heesche verbuede ginn. Wann et erlaabt wär, dann och do, mengt den CSV-Inneminister.

E Mëttwoch gouf an der Chamber eng Petitioun debattéiert, déi fuerdert, dass dat normaalt Heeschen zu all Ament erlaabt soll sinn. Den Auteur vun der Petitioun, déi vu ronn 5.500 Leit ënnerstëtzt gouf, huet drun erënnert, datt d’Heeschen zum Mënsch gehéiert. Et wär dat éischt, wat ee maache géif – kräische fir gefiddert ze ginn. Et wier en Deel vun alle Kulturen, vun der Relioun. Dat einfacht, frëndlecht Heesche géif dach kengem wéi doen, sou de Pétionnaire. Et misst ee jo och näischt ginn.

No der Debatt huet d’Petitiounskommissioun vun der Chamber e juristeschen Avis an Optrag ginn. An dësem sollen déi komplex Terme wéi “mendicité simple”, “mendicité organisée” oder nach “mendicité agressive” geklärt ginn.
D’Deputéiert bereede sech och op d’Aarbechten iwwert e Gesetzprojet vir, deen d’Regierung ugekënnegt huet.

Back to Top
CIM LOGO