12.500 Metercarré Bëton verschwannenDat fréiert Gebai vun der Sécurité sociale gëtt ofgerappt

Christophe Hochard
Zanter 1982 gehéiert dat aalt Gebai vun der Sécurité sociale zur Silhouette vun Hollerech.
Dat fréiert Gebai vun der Sécurité sociale gëtt ofgerappt
Zu Hollerech ginn 12.500 Metercarré Bëton dem Äerdbuedem gläichgemaach.

Ma bis de Summer wäert dat markant Gebai mat der spezieller Fassad aus dem Bild vun der Haaptstad verschwannen. Den Ament gëtt d’Gebai a seng Eenzeldeeler zerluecht. 12.500 Metercarré Bëtong ginn dem Äerdbuedem gläichgemaach.

Op där selwechter Plaz entsteet déi nei “Porte de Hollerich”. 190 Wunnenge sollen heihi kommen. Donieft nach Büroen a Commercen. Ausserdeem wäert spéider den Tram hei duerch d’Escher Strooss fueren. 2025 fänken d’Aarbechte fir den Ëmbau un. An 3 bis 4 Joer kéinten déi éischt nei Stater Awunner hei liewen.

Back to Top
CIM LOGO