Podcast "80 Joer Battle of the Bulge"D'Befreiung vu Veianen an den Neesopbau vum Land

Marc Hoscheid
D'Ardennenoffensiv schonn Enn Januar 1945 eriwwer, ma et sollt bis den 12. Februar daueren, bis mat Veianen déi lescht Lëtzebuerger Uertschaft befreit war.
© Marc Hoscheid / RTL

Eelef amerikanesch Zaldoten hu bei de Kämpf ëm d’Ourstiedchen hiert Liewe verluer.

D’Enn vum Krich war gläichzäiteg de Startschoss fir den Neesopbau vum Land. Deen ass awer net ouni Problemer ofgelaf. Esou gouf et zum Beispill ee grousse bürokrateschen Opwand an et sinn al politesch Grief tëscht Konservativen a Sozialisten nees opgaangen.

Eng grouss Erausfuerderung waren och Minnen a Krichsmunitioun, déi net explodéiert war. Een déidlecht Ierwen, dat bis haut ënnert dem Lëtzebuerger Buedem läit an och nach bis wäit an d’Zukunft eran ee Problem bleiwen dierft.

Veianen gëtt als lescht Lëtzebuerger Uertschaft befreit (Minnen als Gefoer nom Krich an den Neesopbau)

Déi komplett Timeline vum Podcast “80 Joer Battle of the Bulge”

Back to Top
CIM LOGO