Interview mat der Politikerin Svetlana TsikhanouskayaD'Belarusse setze sech a fir d'Demokratie, fir d'Ukrain a géint d'Diktatur

Fanny Kinsch
D'belarussesch Politikerin Sviatlana Tsikhanouskaya war dës Woch fir eng Konferenz zu Lëtzebuerg.
Sviatlana Tsikhanouskaya zu Lëtzebuerg
D’belarussesch Politikerin war dës Woch fir eng Konferenz zu Lëtzebuerg.

Do gouf no Léisunge gesicht fir Belarussen, déi zum Beispill an engem europäeschem Land am Exil liewen a keng valabel Pabeiere méi hunn.

“Luxembourg Solutions” Belarus / Reportage vum Fanny Kinsch

Belarussen, déi am Ausland liewen, kënnen hir Pabeieren net erneieren, ouni zréck a Belarus ze goen. Dat ass awer wéinst dem Risiko vu politescher Verfolgung fir vill Belarussen am Ausland keng Optioun. Ouni gülteg Pabeiere kéinte Leit aus hirem Land zum Beispill hir Puppelcher net umellen a sech net scheede loossen, esou d’Sviatlana Tsikhanouskaya. Et bréicht kuerzfristeg Léisungen, zum Beispill, datt d’Länner ofgelafe Päss awer nach akzeptéieren, awer och laangfristeger: “Mir sinn elo am Gaangen drun ze schaffen, fir eis eege belarussesch Päss am Ausland auszestellen. Et ass eng onorthodox Approche, mee mir Liewen an onkonventionellen Zäiten an do brauch et onkonventionell Decisiounen.”

Wärend der sougenannter “Luxembourg Solutions"-Konferenz gouf iwwert dës laang- a kuerzfristeg Léisunge geschwat. Dat op Basis vun engem Rapport vum CSV-Deputéierte Paul Galles fir d’parlamentaresch Versammlung vum Conseil de l’Europe. Do si jo, anescht wéi an der Europäescher Unioun, quasi all d’Länner aus Europa vertrueden. Et goung och dorëm, wéi Belarussen am Exil kënnen ënnerstëtzt ginn, fir hir Kultur z’erhalen. Déi wier nämlech duerch de Lukashenko-Regime a Gefor, sou d’Sviatlana Tsikhanouskaya.

“Vill belarussesch Auteure ginn elo als Extremisten deklaréiert. Dat waren ni Terroriste bis 2020, mee elo si si et, well si fir Fräiheet a fir Europa sinn. Mir gesinn den Ënnerdréckungsprozess a Belarus. De belarussesche Regime ass am Gaangen all d’Stroosseschëlder z’änneren, vu belarussesch op russesch. Souguer dofir, dass een d’belarussesch Sprooch schwätzt, kann een an de Prisong kommen.”

D’Sviatlana Tsikhanouskaya plädéiert iwwerdeems dofir, Belarus net méi als séchert Land anzestufen. Belarus wier virun engem decisive Moment tëscht Fräiheet an Onofhängegkeet an der Kontroll vu Russland, esou d’Politikerin. Mat Bléck op d’Europawalen dës Woch encouragéiert si europäesch Wieler, sech net vu russescher Propaganda beaflossen ze loossen: “Ech wëll, dass d’Leit an Europa verstinn, datt et eng moralesch Obligatioun gëtt, fir deenen ze hëllefen, déi sech géint eng brutal Diktatur wieren, géint Russland.” Si géing hoffen, datt d’Leit an der EU bereet wieren, e Stéck vun hirem Confort opzeginn, fir d’belarussesch Bierger an d’Ukrain z’ënnerstëtzen, well “wa mir elo net zesumme géint d’Diktatur gewannen, géint d’Feinde vun der Demokratie, wäerten Europäesch Natiounen dat nächst Zil vun deenen Tyranne sinn.”

Diktature géingen Demokratien als ondecidéiert ugesinn. Et wier dofir Zäit fir d’Demokratien fir Zänn ze weisen.

Back to Top
CIM LOGO