
Deemools haten déi zwee Schäffen Andy Derneden a Lucien Kurtisi déi aner 4 Nordstadgemengen dofir kritiséiert, datt Bettenduerf net op Aenhéicht behandelt an an den Eck gedréckt gi wier. Si haten dat ënnert anerem domadder begrënnt, datt Bettenduerf leschte Summer vun den Aarbechtsgruppe ronderëm d’Fusioun ausgeschloss gi wier. Dorobber hat de Spriecher vun der Nordstad, Claude Gleis, reagéiert a gesot, déi Duerstellung géing net der Wouerecht entspriechen. De Bettenduerfer Buergermeeschter Patrick Mergen hätt nämlech vu sech aus proposéiert, datt seng Gemeng net vun Ufank u bei den Aarbechtsgruppen dobäi sollt sinn. Dee wëllt dat awer net einfach esou stoe loossen.
Ma alles der Rei no. Den 23. Juli d’lescht Joer gouf et eng Reunioun tëscht de Buergermeeschtere vu Bettenduerf, Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng-Sauer a Schieren. An dëser krut de Bettenduerfer Gemengepapp Patrick Mergen ze verstoen, datt säi Conseil eng nei Déliberation concordante zur Nordstadfusioun stëmme soll. An där éischter Versioun hat Bettenduerf nämlech eng Motioun festgeschriwwen, an där de Statut vum Centre de développement et d’attraction gefrot gouf, wéi en aktuell schonn Dikrech, Ettelbréck an Deeler vun Ierpeldeng hunn. Un dëse Statut ass eng méi grouss finanziell Hëllef duerch de Staat gekoppelt. Ma de 15. Juli hat den Inneministère Bettenduerf geäntwert, datt d’Gemeng net eligibel fir dee Statut ass. Well wärend der Summervakanz déi éischt Aarbechtsgruppe ronderëm d’Nordstad ufänke sollten, wollten d’Buergermeeschtere vun deenen anere véier Gemengen, datt Bettenduerf d’urgence eng Sëtzung vum Conseil aberifft, fir eben eng nei Déliberation concordante, ouni déi ernimmte Motioun ze stëmmen. De Patrick Mergen huet dat awer refuséiert.
“Well ech keng Urgence do gesinn. An ech mengen, et muss ee kucken, wéi laang, datt de Prozess Nordstad am gaangen ass. Firwat soll een dann den 23. Juli, et ass Vakanzenzäit, soll een dann d’Conseilleren zesummeruffen? Déi eng sinn do, déi aner sinn net do. Deen een huet schonn, och vun de Schäffen, Pläng gehat, fir an d’Vakanz ze goen.”
Dat Argument hätten déi véier aner Buergermeeschteren awer net gëlle gelooss a weider op hien ageriet. Dowéinst hätt hie sech ënner Drock gesat gefillt.
“Dunn hunn ech dann zu engem gewësse Moment gesot, ok, ma wou ass de Problem? Da maacht Är Aarbechtsgruppen, dann ass d’Gemeng Bettenduerf eben net do dobäi.”
De Bettenduerfer Gemengerot sollt seng Decisioun nom Enn vun der Summervakanz am September huelen. Wann déi pro Nordstadfusioun ausgaange wier, hätt ee jo dann nach ëmmer bei den Aarbechtsgruppe matmaache kënnen.
Datt déi Propos vum Patrick Mergen koum, haten déi zwee Schäffen op der Informatiounsversammlung allerdéngs net gesot. Firwat huet hien dann net intervenéiert, fir dat kloerzestellen?
“Ech mengen dat war fir, also dee Moment hunn ech do net déi Noutwennegkeet gesinn.”
Hie géing net fannen, datt seng zwee Schäffe gelunn hätten, si hätten nämlech erëmginn, wéi hien d’Reunioun tëscht de Buergermeeschteren erlieft gehat hätt. Kann hien dann awer op der anerer Säit d’Reaktioun vun deenen anere véier Buergermeeschtere verstoen?
“Natierlech, ech ka ganz kloer als Fazit aus esou enger Reunioun zéien, wéi ech elo gesot hunn, da kann ech mer et an eng positiv Richtung dréinen, de Buergermeeschter vu Bettenduerf huet gesot, ma fänkt dir un. Da kann een dat natierlech un de Public bréngen, well dat hunn ech jo do gesot. Mee do gëtt awer net méi gekuckt, wat war de gesamte Kontext a wat war d’Zilsetzung vun där Reunioun?”
Mat Bléck op de Referendum den 23. Mäerz ass et dann nach déi kloer Ausso vum Buergermeeschter, datt hien d’Resultat respektéiere wäert. Wa sech eng Majoritéit fir ee Weiderféiere vun de Fusiounsgespréicher ausschwätzt, géing hien natierlech bei sengem Jo bleiwen, am anere Fall géing hie bei een Nee wiesselen.
De 26. Mäerz wäert de Bettenduerfer Gemengerot doriwwer ofstëmmen, wéi ee mam Resultat vum Referendum ëmgeet.