Abréch zu Déifferdeng a BounewegD'Brigange konnte sech e béide Fäll mat de geklaute Saachen dovu maachen

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police an hirem Bulletin schreift, goufen an de leschte Stonnen eng Partie Abréch gemellt.
© AFP

Erausgegraff huet se zwee Fäll.

E Méindeg am Nomëtteg gouf et en Abroch an eng Wunneng an engem Appartementshaus an der Rue Saint-Nicolas zu Déifferdeng.

Am spéiden Nomëtteg gouf et dann nach en Abroch zu Bouneweg, och hei an engem Appartementshaus. Hei goufen divers elektresch Apparater grad ewéi Bijoue geklaut.

A béide Fäll gouf d’Spueresécherung op d’Plaz geschéckt.

Back to Top
CIM LOGO