Gutt 1,2 Milliounen Tonne Fracht hunn déi 30 Boeing 747 vun der Cargolux d’lescht Joer iwwer déi 5 Kontinenter transportéiert. Sou gelueden, waren d’Fligere vun der nationaler Cargo-Airline nach ni, zanter d’Jumbo-Jets am Asaz sinn. Op engem Ament, op deem de Präis pro Tonn héich war.
Et wier wuel eng Erausfuerderung gewiescht, wärend der Corona-Pandemie ze schaffen, gläichzäiteg wier déi och een Haaptgrond fir dës Hausse vun der Demande fir den Transport vu Wuere mam Fliger, esou d‘Airline, déi hire Bilan presentéiert huet.
Derbäi koum, dass de Sueskanal jo eng Zäit laang blockéiert war, an doduerch vill Entreprisen op de Fligertransport fir hir Wueren ëmgeklomme sinn. D’Cargolux huet aktuell eng Flott vun 30 Fligeren. Weltwäit schaffen eng 2.500 Leit fir déi Lëtzebuerger Airline.

Zanter engem Joer un der Spëtzt vum Verwaltungsrot, huet d’Christianne Wickler och den Asaz vun den 2.500 Mataarbechter ervirgestrach. Besonnesch awer, wat ënner anerem déi lescht 7 Wochen ubelaangt, an deem de Loftraum iwwer Russland fir eng laang Zäit zou ass.
De Richard Forson, zanter 2016 CEO vun der Cargolux:
“Aus der Perspektiv vun der Cargolux hate mir e bedeitenden Hub a Russland, zu Novosibirsk. Fir technesch Arrête fir eis Fliger, déi an Asien geflu sinn an zréckkoumen. Mir kënnen dat elo net méi maachen a mussen op enger südlecher Stréck bis op eis Destinatiounen an Asien an a China fléien. An dat bedeit natierlech, datt mir méi laang fléie mussen.”
Dat ass dann och nees verbonne mat méi Käschten. Méi Kerosin, dee scho méi deier ass; méi Piloten; wat alt nees d’Inflatioun dreift, sou nach de Richard Forson.
Kappzerbrieches mécht de Responsabele vun der Cargolux och d’Null-Covid-Strategie vun der chinesescher Regierung: Fabricken a Fluchhäfe sinn zou. De Lockdown zu Shanghai, dat bedeit, datt den zweetgréisste Cargo-Hub weltwäit zou ass. Wat alt nees d’Liwwerkette weltwäit duerchenaner rëselt.
De Richard Forson:
“Wat 2022 ubelaangt, sou hu mir e gutt éischt Quartal hannert ons. De Bléck no vir geriicht, si mir selbstverständlech mam Krich an der Ukrain konfrontéiert a mir mussen och ofwaarden, wéi eng zousätzlech Restriktioune China a punkto Null-Covid-Politik aféiere kéint.”
De Bléck nach méi wäit no vir geriicht, ass een - Horizont 2050 - bei der Cargolux amgaangen, de Wiessel op eng CO2-neurtal Aviatioun virzebereeden, sou wéi d’EU-Kommissioun et fuerdert. E Projet, deen d’Airline ënnerstëtzt.
“Et ass wichteg, datt mir als EU-Airline, ons net selwer an eng Positioun bréngen, wou mer ons Kompetitivitéit vis-à-vis vun aneren, net EU-Fluchgesellschafte verléieren”, sou de Forson.
Vun 2026 u kéint d’Erneierung vun der Flott ufänken. Boeing an Airbus entwéckelen den Ament nei Cargo-Fligeren. Méi kleng wéi d'747, wou och d’Nues net méi opgeet. Dofir soll 747 an der Flott bleiwen, nieft neie Maschinnen, wou beim Choix, d’Ëmweltfrëndlechkeet eng grouss Roll spille soll. De Verwaltungsrot huet gréng Luucht ginn, fir bis zu 100 Milliounen Euro an d’Entwécklung vun nohaltegem Brennstoff fir d’Loftfaart z’investéieren.