
D’Stad Lëtzebuerg huet, wéi vill aner Acteuren, Konventioune mat der Caritas. Am ganze 6 Stéck an der Héicht vu ronn 3 Milliounen Euro, mat deenen haaptsächlech Paie vu Mataarbechter bezuelt ginn, erkläert d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer: “Dat Wichtegst: mir brauchen déi Servicer, mir wëlle se an déi Leit, déi dorop schaffen, déi mussen och bezuelt ginn. Dofir wäerte mir dann mat der neier Asbl déi Konventiounen iwwerhuelen, mee dat ass vill Aarbecht nach.”
Ongeféier 40 Leit schaffen fir d’Caritas an de Strukture vun der Stad Lëtzebuerg: “Dat Eent ass de Bistro Courage mat uewendriwwer de Wunnengen, wou Logements accompagnés vun hinne gemaach gëtt. Dann hu mer nach e Projet, fir Sans-abrien ënnerzekréien. Dann och de Parachute op der Gare. D’Epicerie sociale. An d’Haus Nummer 15, dat ass um Dernier sol, wou och Sans-abrie kënne schlofen”.
D’Konventioune mat der neier Struktur “HuT Hëllef um Terrain” si juristesch eréischt vum 1. Oktober u méiglech. D’Servicer géingen awer och aktuell normal weiderlafen. Dat huet d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer nach präziséiert.
D’Stad Lëtzebuerg invitéiert hir Bierger an den IDEATION Lab. Dat ass eng Reunioun, wou d’Leit sech wärend engem Weekend kënne beieneesëtzen, fir konstruktiv Iddien auszeschaffen, fir hire Quartier ze developpéieren, erkläert de 1. Stater Schäffen Maurice Bauer.
Donieft gëtt den 28. September an der Fleeschiergaass (Rue de la Boucherie) an der Uewerstad de rouden Teppech fir d’Clienten ausgerullt. Dëst ass eng Initiativ, déi vun de Commerçante selwer ausgeet an d’Strooss an hir Butteker soll promouvéieren, sou den CSV-Schäffe Maurice Bauer.