
Den 1. Februar ass de Lucien Weiler am Alter vu 74 Joer onerwaart gestuerwen. Den CSV-Politiker souz vun 1984 bis 2013 als Deputéierten an der Chamber, wou hie vun 1996 bis 2004 un der Spëtzt vu senger Fraktioun stoung. Vun 2004 bis 2009 war hien du Parlamentspresident, spéider gouf hien zum Éierepresident vun där Institutioun ernannt. E Mëttwoch de Moien huet d’Chamber dem Lucien Weiler geduecht.
“Kuck fir d’éischt no deenen, fir déi s du Verantwortung dréis a kuck fir d’allerlescht no dir”, mat deem Zitat aus der Untrëttsried vum Lucien Weiler als Chamberpresident aus dem Joer 2004 huet den aktuelle Chamberpresident Claude Wiseler dem Verstuerwene seng Aarbechtsastellung ze ënnersträiche versicht. Dëse wier gär Parlamentspresident gewiescht an hätt et och verstanen, säin Amt ze notzen, fir op Themen opmierksam ze maachen, déi him wichteg waren. “Ech erënnere mech u seng éischt Aktioun als neie Chamberpresident, dat war 2005, wou en eng ongewéinlech Pressekonferenz gehalen huet, fir op d’Situatioun vu ville Frae wärend an no engem Divorce opmierksam ze maachen. Deemools war d’Diskussioun iwwert de Projet de loi iwwert d’Reform vum Divorce amgaangen, ee Sujet, mat deem sech de Lucien Weiler duerch seng Experienz an der Etüde gutt auskannt huet a fir deen e sech och agesat huet.”
2013 hätt sech de Lucien Weiler aus der Politik zeréckgezunn, fir méi Zäit fir seng Famill a säi Beruff als Affekot ze hunn. Ma dat wier ëm awer net laang gelongen, well e schonn 2016 Hofmarschall beim Grand-Duc Henri gouf. Dat géing säin Attachement un d’Institutioune vum Land weisen. Den aktuellen CSV-Fraktiounschef Laurent Zeimet huet dem Lucien Weiler seng chrëschtlech-sozial Prägung an Iwwerzeegungen ënnerstrach. Den “C” an CSV hätt fir hie bedeit, datt an enger ëmmer méi säkulariséierter an technologiséierter Welt de Mënsch am Mëttelpunkt vun der Politik stoe misst, an zwar sou wéi en ass an net wéi e misst sinn. Dem Lucien Weiler wier et och wichteg gewiescht, dozou bäizedroen, datt d’Chamber sech als Legislativ ee Stéck wäit vun der Regierung als Exekutiv emanzipéiert. Dat géing dëst Zitat vum Schluss vu senger Zäit als Chamberpresident weisen: “Et gëtt praktesch kee Projet méi, deen esou aus der Chamber erausgeet, wéi en erakoum. Projete goufen an der Substanz geännert, well d’Majoritéit oder d’Parlament global der Meenung war, datt ee sollt aner Weeër goen, wéi déi, déi proposéiert gi waren. Dat ass ee Beispill vun Emanzipatioun, selbstbewosst, net well mer mengen, mir wéissten et lo definitiv besser oder mir wéilten der Regierung den Dicks riichten, mee well mer einfach aner Solutioune prekoniséieren, ganz oft awer och am Accord mat der Regierung.”
De Premierminister Luc Frieden huet sech sengersäits dorunner erënnert, datt de Lucien Weiler him als jonken Deputéierte d’Méiglechkeet ginn hätt, sech anzebréngen. Hien huet de Verstuerwenen, deen dee gréissten Deel vu sengem Liewen zu Dikrech gelieft a geschafft huet, ënnert anerem awer och als “stuere Vertrieder vum Norden” bezeechent. “Wéi mer ee Moment iwwerluecht haten, ob mer net géingen ee Bezierk an der Justiz maachen, well mer an engem klenge Land vläicht keng zwee Arrondissements judiciaires bräichten, kann ech soen, datt ech op eng ganz staark Resistenz vum Lucien Weiler gestouss sinn, dee gesot huet, dat loosse mir zu Dikrech, dat loosse mir am Norden net zou.”An trotzdeem wier de Lucien Weiler ni ee Mann vum Sträit gewiescht, mee hätt ëmmer probéiert, ee Konsens ze fannen an d’Leit zesummenzebréngen.
Um Enn vun der Sëtzung gouf dem Lucien Weiler mat enger Schweigeminutt déi leschten Éier erwisen.