ArcelorMittalGewerkschafte fuerderen de Premier op d'Stoltripartite anzeberuffen

Claude Zeimetz
Déi méiglech Restrukturatioun bei ArcelorMittal an Europa hat d'lescht Woch ageschloe wéi eng Bomm. Hei am Land kéinte bis zu 1.050 Aarbechtsplazen delokaliséiert ginn.
© RTL

D’Direktioun ass eegenen Aussoen no amgaang, eng Etüd ze maachen. D’Gewerkschaften hu sech elo an deem Kontext an engem Bréif un de Premier Luc Frieden adresséiert. Am Schreiwes un de Staatsminister, dat schonn op de 5. Februar datéiert ass an eis virläit, froen OGBL an LCGB de Premier fir d’Stoltripartite anzeberuffen.

D'Schreiwes vun OGBL an LCGB un de Premier Luc Frieden

Den aktuellen Accord Lux2030, deen déi zukünfteg strateegesch Ausriichtung vum Grupp virgëtt, gouf bis elo mol bis den 31. Mäerz verlängert. Mä d’Gewerkschaften hätte gär Kloerheet wéi et weidergeet a fuerderen dowéinst, datt sech de Premier Luc Frieden der Saach unhëlt, fir d’Aarbechtsplazen an d’Stolindustrie zu Lëtzebuerg z’erhalen.

Bei Arcelor Mittal Letzebuerg riskéiere jo am Kader vun der ugekënnegter internationaler Restrukturéierung 1.050 Aarbechtsplazen delokaliséiert ze ginn. Bal en Drëttel vun all de Plazen. An deem Zesummenhang fuerderen den OGBL an den LCGB eng dringend Tripartite fir de Stolsecteur.

An engem Bréif un de Premier deen ons virläit, weisen d’Gewerkschaften op eng “Inkohärenz” op der leschter Reunioun vum 4. Februar hin, déi net ze gleewe wier. Tëscht engersäits deem wat d’Direktioun vun Arcelor Mittal Lëtzebuerg gesot hätt an anerersäits den Informatiounen, déi se vun de Staatsbeamte kritt hätten. D’Verhandlungen fir en neien Accord Lux2030 am Stolsecteur géingen wéinst deenen Onkloerheeten hänken. De leschten Akkord wier lo mol bis Enn Mäerz verlängert ginn.

Informatioune vun de Gewerkschaften no hätt de Luc Frieden awer um Weltwirtschaftsforum zu Davos de leschte Mount en Accord mam Här Mittal fonnt.


Hei nach emol eise Reportage zum Plazenofbau bei ArcelorMittal:

Plazenofbau bei ArcelorMittal en Europa, och Lëtzebuerg betraff
Arcelor Mittal baut an Europa Aarbechtsplazen of. Och Lëtzebuerg ass vun de Pläng betraff. Genee Zuele ginn et nach keng.

Back to Top
CIM LOGO