Sträit ëm SuenKläpperei tëscht véier Leit op der Gare - ee Verdächtege festgeholl

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg am Nomëtteg ass et zu enger Kläpperei tëscht véier Persounen am Garer Quartier komm. Eng Policepatrull ass op d'Plaz gefuer a konnt zwee Männer vuneneen trennen, déi sech an d'Hoer krut haten.
© Laurent Weber

Éischten Informatiounen no soll ee vun de Männer engem aneren e puer Stonne méi fréi Boergeld geklaut hunn a krut doropshi Morddrohungen. Am Nomëtteg si si sech dunn nees iwwert de Wee gelaf an et koum zu engem physesche Sträit. De Mann, dee Boergeld soll geklaut hunn, gouf vun engem anere Mann festgehalen, wärend zwee vu senge Kolleegen op hien ageschloen hunn. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann, deen d’Mordmenace gemaach huet, festgeholl. Hie gëtt e Mëttwoch am Laf vum Nomëtteg dem Untersuchungsriichter presentéiert.

Back to Top
CIM LOGO