HommageD'Chamber seet dem Max Hengel Äddi mat Rieden a Gedenkminutt

Pierre Jans
E schwéieren Ament an der Chamber: D‘Deputéiert an vill Regierungsmemberen hunn dem Max Hengel geduecht.
© Chambre des députés

Den CSV-Politiker war Mëtt August am Alter vun nëmme 47 Joer no laanger Kriibskrankheet gestuerwen.

Hommage un de Max Hengel / Reportage Pierre Jans

Virun der Famill a Frënn vum fréieren Deputéierten hunn de Chamberpresident Claude Wiseler, den CSV-Fraktiounspresident Marc Spautz an de Premierminister Luc Frieden an hire Riede vill positiv Wierder fir de Max Hengel fonnt. Hie wär e reegelrechte Volleksvertrieder gewiescht, well d’Wuel vun de Leit a senger Gemeng Wuermer, mä och am ganze Land fir hien iewescht Prioritéit gehat hätt. Iwwerdeems bleift hien de Kolleegen aus senger Partei als frouen, frëndlechen an hëllefsbereete Mënsch an Erënnerung. Een, deen trotz senger Daarmkriibs-Diagnos virun iwwer zwee Joer, weider gekämpft an och vill geschafft huet.

Um Schluss vum Hommage un den Max Hengel gouf et eng Gedenkminutt an der Chamber. Eng Foto vum Verstuerwene stoung op sengem Stull.

Dem Max Hengel säi politescht Engagement hat schonn 1998 ugefaangen. Vun November 2017 bis November 2020 war hie Buergermeeschter vu Wuermer an huet d’Gemengepolitik duerno als Schäffe weider matgestalt. Am Juli 2023 ass hien dunn nees Buergermeeschter vun der Musel-Gemeng ginn.

Am Joer 2022 huet de Max Hengel dunn och als Deputéierte säin Eed geleescht, wou hien an d’Chamber nogeréckelt ass. Bei de Parlamentswalen zejoert am Oktober ass hien zeréckgewielt ginn. Als Deputéierte war hien an diverse Beräicher engagéiert. Ënnert anerem hat hien d’Presidence vun der Santéskommissioun.

De Max Hengel, deen ausserdeem siwe Joer laang President vun de Musel Pikes war, hannerléisst seng Fra an zwee Bouwen.

Back to Top
CIM LOGO