Caritas-AffärD'Chamber-Spezialkommissioun kënnt e Mëttwoch eng éischte Kéier beieneen

Roy Grotz
Deen Ament ginn och e President an d'Vizepresidenten nominéiert.
© Bartolomiej Pietrzyk/Shutterstock

Den Detournement bei der Caritas kritt nieft dem juristesche Volet och e weidere politeschen Aspekt, nodeems d’Chamber decidéiert huet, eng Spezialkommissioun anzesetzen, eng Form vu Chamber-Kommissioun, déi et aktuell nieft de 27 anere permanente Kommissioune keng zweete Kéier gëtt.

Den nächste Mëttwoch kënnt d’Spezialkommissioun “Caritas” fir d’éischte Kéier mat hire 15 Memberen an dem Pirat Sven Clement als Observateur beieneen. Da ginn och e President an d’Vizepresidenten nominéiert souwéi en Agenda festgeluecht, wien alles an d’Kommissioun invitéiert gëtt.

Bis am Fréijoer sollen d’Aarbechte vun der temporärer Kommissioun ofgeschloss sinn an e Rapport zu den Hannergrënn vun der Caritas-Affär virleien. Wien an d’Spezialkomissioun invitéiert gëtt, kann dës Invitatioun unhuelen, mee eng Obligatioun gëtt et net.

An der Kommissioun si mat Marc Spautz an Taina Bofferding ënner anerem d’Fraktiounspresidente vun CSV an LSAP vertrueden, net awer vun der DP, déi net de Gilles Baum, mä d’Deputéiert Hartmann, Minella, Schockmel an Agostino an d’Kommissioun schéckt.

En Donneschdeg hat Reporter jo gemellt, datt d’Enquêteuren enger bulgarescher Pist op der Spuer sinn, déi hannert de Viremente vun den 61 Millioune soll stiechen. Notamment wier d’Finanzdirektesch iwwert eng Hellseeërin erageluecht ginn. Déi meescht vun den detournéierte Sue wieren op Konten a China, Hong Kong a Litauen detektéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO