200 Jonker beim Mérite Jeunesse ausgezeechentD'Christine Kauffmann huet den héchsten Niveau erreecht a krut Gold

RTL Lëtzebuerg
Leschten Dënschdeg huet de Mérite Jeunesse am Forum Geesseknäppchen seng Auszeechnungen u motivéiert Jonker verdeelt.
200 Jonker beim Mérite Jeunesse ausgezeechent
Ëm déi 200 Kandidate goufe geéiert. Ee vun de motivéierte Jonken ass d’Christine Kauffmann.

Ëm déi 200 Kandidate goufe geéiert. Ee vun de motivéierte Jonken ass d’Christine Kauffmann.

D’Christine ass 19 Joer al an huet schonn den héchsten Niveau vum Mérite Jeunesse erreecht, Gold. Déi jonk Studentin schwëmmt an taucht, spillt Klarinett an ass Cheftaine bei de Scouten. Op der dësjäreger Zeremonie war si dann och den Host vum Owend. Mat dobäi den Ierfgroussherzog Guillaume, den “Haut Patron” vum Mérite an de Prënz Guillaume, President vum Verwaltungsrot vum Mérite Jeunesse zu Lëtzebuerg.

Dëst Joer war et déi 30. Remise des insignes zu Lëtzebuerg, bei där Jugendlecher am Alter vu 14 bis 25 Joer fräiwëlleg kënne matmaachen a sech ausserschoulesch engagéieren. Fir sech ze qualifizéieren, musse si sech a 4 verschiddene Volete beweisen: Talent, Sport, Benevolat an Expeditioun. Dräi Niveaue kann een am Mérite Jeunesse erreechen: Bronz, Sëlwer a Gold, jee no Dauer an Alter.

Back to Top
CIM LOGO