Leit tëscht 18 a 65 JoerD'Croix Rouge sicht aktuell no Plasmaspender

Christophe Hochard
De Plasma ass e Bestanddeel vum Blutt. Des giel Flëssegkeet gëtt dacks a Spideeler gebraucht, fir Patienten ze hëllefen.
Don Plasma
D’Danielle Welter souz déi drëtte Kéier um Stull, fir Plasma ze spenden.

Oder awer bei der Produktioun vu Medikamenter fir d’Behandlung vu Mënsche mat enger Autoimmunkrankheet. Ofhängeg vum Kierpergewiicht kënnen tëscht 500 a 750 Milliliter Plasma gespent ginn. Leit am Alter tëscht 18 a 65 Joer kommen als Spender a Fro. E Plasmaspender kann eemol de Mount beim Roude Kräiz passéieren, fir Plasma ze spenden. Op croix-rouge.lu kritt een all Informatiounen, wann ee sech well als Blutt- oder Plasmaspender umellen.

Back to Top
CIM LOGO