
Membere vun der Aktioun géint d’Heescheverbuet, vun Amnesty International a vun Oppositiounsparteie si mam Megaphon duerch d’Stad gaangen, fir kloer ze maachen, datt si nach ëmmer gären hätten, datt dat Verbuet zeréckgezu gëtt.
Eng vun den Demonstrantinne war d’Marie-Marthe Müller, déi sech selwer virun enger Rei Wochen an d’Groussgaass gesat huet, fir hir Solidaritéit mat den Heescherten ze weisen.
“Ech sinn hei dobäi, fir ze soen, datt mer zu Lëtzebuerg en Aarmutsproblem hunn, deen ëmmer méi grouss gëtt. Dee muss ugepak ginn, mä et geet dann net, fir unzefänken, op deenen Äermste vun deenen Äermste ronderëm ze klappen.”
D’Nora Schneider vun der Aktioun géint d’Heescheverbuet nennt de grousse Räichtumsënnerscheed den 1. Grond fir d’Kriminalitéit. Si huet gehollef, dës Protestaktioun z’organiséieren, fir ze weisen, datt een net mat der aktueller politescher Richtung averstanen ass.
“Ech hunn iwwerhaapt kee Vertrauen a keng Hoffnung an dës Regierung. Ech weess ganz genee, datt egal wéi grouss dëse Protest wier, et hinnen egal wier an et laanscht se geet. Ech erwaarde mer och elo näischt vun hinnen. Dat eenzegt wat ech wëll heimadder opbauen ass, weider Resistenz ze weisen, weider weisen, datt mer net ok domadder sinn.”
Nieft dem Luc Frieden, dem Léon Gloden, deen a verschiddene Rieden op der Clairefontainesplaz als Ligener dohinner gestallt gouf, misst och d’Iron Lady Lydie Polfer demissionéieren. Fir de Co-Spriecher vun déi jonk Gréng, Kris Hansen, hunn och d’DP-Deputéiert a Stater Schäffe Simone Beissel an den CSV-Deputé-Maire Marc Lies näischt méi an der Politik verluer.
“Einfach wéinst hire Commentairen, déi rassistesch, mënschefeindlech, hetzeresch an anti-ziganistesch waren. Et kann net sinn, dass dat d’Norm an der Politik gëtt, well dann heescht et, dass et och d’Norm an der Gesellschaft kéint ginn.”
Dat kéint een net toleréieren, well esou eppes hätt an engem Lëtzebuerg vun 2024 näischt ze sichen.