
Dëst geet och aus engem Bréif ervir, den RTL virläit.
Ugefaangen huet dës ganz Diskussioun am Mee dëst Joer, wéi den CSV-Deputéierte Jeff Boonen wärend engem Debat an der Chamber sot, d’CSV wär dem Aktiounscomité géint Atomkraaft dëst Joer nees bäigetrueden. Doriwwer war de Comité selwer allerdéngs net informéiert. Dat war nawell eng grouss Iwwerraschung, sot de Paul Polfer ee vun 3 Coordinateure vum Comité. D’CSV hat nämlech just eng Cotisatioun vun 100 Euro iwwerwisen an kee Kontakt mat hinnen opgeholl.
Den CSV-Deputéierte Jeff Boonen:
“Mir mussen soen, dass de Feeler bei eis louch. 2022 hu si gefrot, dass sech all Member nach eemol zu den 3 Prinzippie bekennt. Dat hu mir den Ament net gemaach. Den Exercice war bei eis net geschitt. An dofir gouf et e bëssen den Zick-Zack-Cours, wou ech sot, dass mer nees dra sinn, well mer bezuelt hunn, mee dat ass jo am Fong geholl net duergaangen. Dofir ass et gutt, dass mer eis zesumme gesat hunn an dat am Fong gekläert hunn.”
D’CSV huet doropshin d’Gespréich mam Aktiounscomité gesicht a wärend där Reunioun huet sech dunn erausgestallt, dass d’Partei just mat 2 vun den 3 Grond-Prinzippien d’accord ass. Eens ass ee sech, fir engersäits alles op erneierbar Energien ze setzen, an anerersäits fir sech fir d’Fermeture vun den Atomkraaftwierker an der Grenzregioun anzesetzen.
“Et ass awer just esou, dass mir mengen, dass een am Beräich vum Nuklearen nach sollt an d’Fuerschung investéieren iwwer radioaktiven Offall, Sécherheet a Fusiounsreakteren. An do ass den Aktiounscomité awer ganz kloer. Hire Prinzip ass, dass keng Sue méi an Nuklearenergie gestach ginn. An doropshin hu mer decidéiert, dass dat net iwwertenee stëmmt an dass mir [CSV, ndlr.] de Comité da verloossen.”
Et war eng “super fair a korrekt Entrevue”, sot eis de Paul Polfer op Nofro. Natierlech hätt ee léiwer gehat, d’CSV wier Member bliwwen oder nees Member ginn, mee de Choix misst ee respektéieren.
D’CSV ass elo, nieft der ADR, iwwregens déi eenzeg Partei vun all deenen déi an der Chamber vertruede sinn, déi net méi am Aktiounscomité géint Atomkraaft ass. Och all déi grouss Gewerkschafte sinn doranner vertrueden. Op d’mannst wier awer elo fir Kloerheet gesuergt, sou de Paul Polfer.
Firwat et op eemol nees e Revirement bei der CSV gouf. Doriwwer kann ee just spekuléieren. Kloer ass, dass de Premier Luc Frieden zu Bréissel wësse gedoen hat, et wier wichteg, “oppen ze bleiwe fir nei Technologien”.