Chineesesche KI-ModellD'Dateschutzautoritéit huet eng ëffentlech Warnung fir "DeepSeek" erausginn

RTL Lëtzebuerg
De chinesesche KI-​​Modell géing net den EU-Reglementer entspriechen.

Wärend e gratis online zougänglech ass, géing keng Konformitéit mat den europäeschen Dateschutzreglementer bestoen. Och d’Feele vun engem legale Vertrieder fir déi chineesesch Firma an der EU géing eng reglementaresch Iwwerwaachung oder e Recours méi schwéier maachen.

Fir d’Risiken ze reduzéieren, réit d’CNPD géint d’Installatioun vun DeepSeek a warnt d’Benotzer, fir net perséinlech oder sensibel Donnéeën do anzeginn. No där Warnung huet de Piratepartei-Deputéierte Marc Goergen eng parlamentaresch Fro an deem Kontext gemaach.

An enger gemeinsamer Äntwert hunn d’Ministeren Delles, Obertin a Margue d’Suerge vun der CNDP widderholl, an erkläert, datt staatlech Verwaltungen Enn Januar separat Richtlinne fir d’Benotzung vun esou KI-Modeller kruten. Do kritt d’Personal geroden, fir mat DeepSeek keng “onverëffentlecht professionell Informatiounen” ze deelen. Dat gëllt iwwerdeems fir all Applikatiounen, AI-Servicer abegraff, déi net vum Staat zur Verfügung gestallt goufen.

Aus der Äntwert geet net ervir, ob e potenziellen DeepSeek-Verbuet um Horizont ass oder net.

Back to Top
CIM LOGO