Zil ass et, fir esou propper a präzis wéi méiglech ze plouen. Dat war dëst Joer awer net evident. D’Dréchent plot déi jonk Baueren a mécht hinnen d’Aarbecht och op anere Plaze schwéier.
16 Ploumeeschter si géinteneen ugetrueden. Jiddweree kritt eng Parzell zougedeelt, déi ganz a virun allem propper muss geplout ginn. Gekuckt gëtt ënnert anerem, ob d’Fuere riicht gezu sinn, de Buedem schéi gedréit ass, an ob an déi richteg Déift geplout gouf. “Et geet drëms fir genau a schéin ze plouen, net nëmmen erop an erof ze fueren. Si mussen en Dräieck an e Véiereck plouen. Wien dat am beschte mécht, gëtt deen Éischten”, erkläert d’Presidentin vun der Landjugend Süden, d’Jil Thorn.
Mat der Dréchent hu sech awer vill geplot, fir iwwerhaapt an de Buedem eran ze kommen. De Buedem wier haart wéi Beton: “Alles geet, mee et ass keng propper Aarbecht”, erkläert de Frank Muller vun der Landjugend Zenter. Dobäi wier et eng wichteg Aarbecht, well e schlecht geploute Stéck géif een dat ganz Joer iwwer spieren. “Et war am Ufank schwiereg, de Plou gläichméisseg anzestellen. Do hu mir hanne beispillsweis de Pneu missen erofschrauwen, fir datt et schéi gläichméisseg gëtt.”
Et wier dës Joer allgemeng net einfach schaffen. D’Dréchent beonrouegt d’Jongbaueren. Mam extreme Klima misst een elo kucken, wéi et a Saache Liewensmëttelsécherheet weider geet a wéi ee sech upasst. De President vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren Luc Emering erkläert, datt d’Kulturen, déi déi lescht 20 Joer gutt hei gaange sinn, villäicht net méi ugebaut ginn. “Doduerch maache mir awer villäicht anere Saachen d’Dier op, déi soss ni hei zeideg gi sinn, spriech Soja oder Sonneblummen. Datt mir an d’Richtung vu Planze ginn, déi méi massiv Wuerzelsystemer entwéckelen.”
D’Reserve vu leschtem Joer géifen den Ament nach duergoen. Nach esou en dréchent Joer géif dem Secteur awer staark schueden. Grad elo wier beispillsweis d’Zäit, wou de Raps an de Buedem misst, ma alles dat hätt wéineg Sënn. Et wier elo einfach ze dréchen.