
Iwwer d’Wanterméint fanne jo hei Leit ouni doheem eng Plaz, fir ze schlofen an e waarmt Iessen.
D’Deputéiert vun der parlamentarescher Familljekommissioun ware sech e Méindeg mam Minister Max Hahn d’Wanteraktioun ukucken.
Am leschte Wanter koume méi Leit. D’Zuel vun de Better gouf op iwwer 300 an d’Luucht gesat. Bei der Wanteraktioun gëllt jo de Prinzip, datt all Sans-Abri e Bett kritt.
Am leschte Wanter gouf et 2.250 Aschreiwungen, 1.640 waren nei Inscriptiounen. Am Ganze koumen eng 1.300 Leit aus Drëttlänner, 800 aus der EU an 150 aus Lëtzebuerg.
Fir der méi staarker Demande gerecht ze ginn, goufe gehëtzten Zelter vun der Arméi zousätzlech opgeriicht.