Rapport fir Lëtzebuerg"De Bësch gëtt zum Dauer-Patient"

RTL Lëtzebuerg
Dat sot e Méindeg den däitsche Landwirtschaftsminister Özdemir bei der Presentatioun vum Bësch-Rapport. An de Constat gëllt Eent zu Eent och fir eist Land.
© RTL Archiv

Besonnesch d’Bestänn vun de Fiichten hunn ënnert den dréchene Summerperioden déi lescht Joren an dem Befall vum Borkenkäfer gelidden, sou datt dës Zort vu Bam keng Perspektive méi wäert op Dauer hunn. Dat seet den Ëmweltminister Serge Wilmes, deem no absënns och d’Biche vun der Dréchent betraff sinn, grad wéi d’Eechen, déi d’lescht Joren massiv vun enger Zort Pilz befall an deziméiert goufen.

Datt dës Bam-Zorten iwwerall am Land Problemer hunn z’iwwerliewen, ass geséchert - e Fakt, deen och fir eenzel Beem laanscht Stroossen an a Parken stëmmt, deen et u Waasser feelt.

Mat engem nohaltegen Bësch-Management schafft d’Naturverwaltung op Basis vum neien Bëschgesetz drop hin, datt d’Bëscher sech nees regeneréieren - duerfir gëtt evitéiert, fir op grousse Surfacen Holz ze haen an et gëtt drop gesat fir Mësch-Kulturen un ze planzen.

De Minister Wilmes preziséiert awer och, datt all Efforten, fir de Bëschbestand méi jonk ze maachen, vun der Regulatioun vum Wëld ofhänkt, sou datt jonk Beem net ewell gefriess ginn, éier se kënne wuessen.

Dës Prezisiounen huet den CSV-Minister op Basis vun enger parlamentarescher Fro vun den DP-Deputéierte Bauler an Emering ginn.

Déi entspriechent parlamentaresch Fro mat Äntwert vum Minister Serge Wilmes am PDF

Back to Top
CIM LOGO