Chancen an ErausfuerderungenDe Bouneweger Lycée ass am Wandel

Marc Hoscheid
Zanter engem Joer huet d'Schoul een neien Direkter an zanter kuerzem och een neien Numm. A sechs Joer wëllt een an een neit Gebai plënneren.
© Marc Hoscheid

Dës Woch stoung fir souwuel an der Grondschoul wéi och am Lycée d’Rentrée um Programm. Och am Lycée zu Bouneweg drécken déi Jonk elo nees d’Schoulbänk. Zanter engem Joer huet d’Schoul een neien Direkter an zanter kuerzem och een neien Numm. Se heescht net méi Lycée technique de bonnevoie, mee Bouneweger Lycée Luxembourg. An een neit Gebai wëllt een a sechs Joer plënneren. Vill Verännerungen also fir ee Lycée, dee mat engem bëssi méi schwieregen Image ze kämpfen huet. Dat awer zu Onrecht, wéi den Direkter mengt.

De Bouneweger Lycée ass am Wandel (Reportage Marc Hoscheid)

Kooperativ, innovativ an engagéiert si se am Bouneweger Lycée. Dat steet op mannst um neie beliichte Panneau. Datt ee bei der Ännerung vum Numm de Quartier an de Vierdergrond geréckelt huet, wier ee ganz bewosste Choix gewiescht, esou den Direkter Mike Borschette.

“Mir sinn am Bouneweger Quartier. Et ass ee vun deene gréissten, wann net dee gréisste Quartier vun der Stad Lëtzebuerg. Et ass ee Quartier, deen am Wiessel ass, wann ee gesäit, wat haut gebaut gëtt, d’Ubannung un den Tram a sou virun a sou weider, ass de Bouneweger Quartier ee ganz dynamesche mat enger immens flotter Populatioun a sou ass och d’Populatioun an eisem Lycée, obwuel vill Schüler vu ganz ganz wäit hier komme wéinst der Beruffsausbildung.”

Grad duerch déi Beruffsausbildung géing d’Zuel vun de Schüler relativ staark wiesselen. Am Moment sinn et der ronn 1.600, déi vu knapp 220 Proffen enseignéiert ginn. Et géing ee vill Wäert op d’Beruffsausbildung leeën, dofir wier et schued, datt déi am Moment an enger klenger Kris wär.

“Et ass immens schwéier, déi Jugendlech ze begeeschteren, si probéieren éischter um Niveau vum Enseignement secondaire général oder och vum Classique ze bleiwen, well d’Beruffsausbildung bëssi gelidden huet vum Ruff hier. Wat schued ass, mir hunn 28 Beruffsausbildungen am Haus, grad den Horeca-Secteur, wou mer ganz enk mat der Horesca zesummeschaffen, huet gelidden, Käch, Garçonen, Traiteuren awer och Becker, Metzler, fir just déi ze nennen.”

Dat géif och deelweis dorunner leien, datt d’Elteren dacks wéilten, datt hir Kanner studéiere ginn. Fir d’Bild vun der Beruffsausbildung an och d’Qualitéit ze verbesseren, wier et wichteg, enk mat Betriber zesummenzeschaffen.

Am Bouneweger Lycée gëtt et eng ganz Rëtsch vu Projeten. Um Internetsite vun der Schoul stéisst een e puer Mol op verschidde Variante vum Wuert Sustainability, also Nohaltegkeet. Dat wier och méi wéi eng Etikett.

“Et ass eben d’Nohaltegkeet net nëmme bezunn op, mir ginn Gedrénksfläschen u 7ième-Schüler, mir hu Waasserspenderen am Haus, si kënne fir näischt Waasser zéien, mee och d’Nohaltegkeet vun de Ressourcen, awer alle Ressourcen. Do ziele mer d’Schüler mat dobäi, d’Enseignanten an dat, wat gebraucht gëtt, fir eng Educatioun ze maache déi nohalteg ass op déi nächst Joren. Dat ass och d’Opdeelung vun den Aarbechtszäiten, vum Aarbechtsopwand, hin zum, wat een Thema war, de Well Being, Work-Life-Balance, mir si lo bei Screen-Life-Balance.”

An do ass een dann och séier bei der rezenter Annonce vum Educatiounsminister Claude Meisch, datt no der Ouschtervakanz een Handyverbuet an de Schoule komme wäert. Handyen hätten näischt am Cours ze sichen, mee iwwert de Projet Digital Spark géing een de Schüler awer den Ëmgank mam Handy, iPad an de soziale Medie bäibréngen. Domadder hält et awer net op.

“A wann dat bis bei de Schüler ukomm ass, dann ass och deen Unplug an eisem grousse Projet, dat heescht, dat Lasskomme vum, ech muss permanent connectéiert sinn, vill méi grouss a mir kënnen an den Engage kommen, wat bei eis den Deel ass, all Aktivitéiten, déi ouni Handy, ouni digital Medie stattfannen.”

Virun allem a sozial Medie wéi Instagram an TikTok géing et dacks zu Mobbing kommen. Et géif deelweis souguer physesch Gewalt an déi analog Welt exportéiert, well déi Jonk dat nomaachen, wat se a Videoen op de soziale Medie gesinn.

Mat Bléck op dat neit Gebai, dat op 2.200 Schüler ausgeluecht ass an direkt hannert deem aktuellen entstoe wäert, fänken d’Preparatioune fir de Chantier geschwënn un. Fir déi nächst Rentrée dierften dann déi éischt Steng geluecht ginn.

E puer Eegenaarte vum Bouneweger Lycée

De Bouneweger Lycée ass nieft der Hotelsschoul vun Dikrech iwwregens deen eenzege Lycée vum Land, dee beim Kantinsiessen net op eng extern Firma zeréckgräift. Hei kachen d’Beruffsschüler ënnert der Opsiicht vun Enseignante selwer.

Beim Gebai handelt et sech net ëm eng klassesch Schoul. Am Ausland gëtt et Spideeler mat genee deem selwechte Grondrëss.

De Bouneweger Lycée gëtt net vu spezielle Buslinnen ugefuer. De Schülertransport leeft an éischter Linn iwwert “normal” ëffentlech Buslinnen an den Tram. Den Tramsarrêt, dee just e puer Honnert Meter ewech ass, ass nom Lycée benannt.

Back to Top
CIM LOGO