Op falsch Plaz gefuerDe CGDIS confirméiert e mënschleche Feeler bei Asaz zu Huldang

RTL Lëtzebuerg
Bei engem Accident Enn Januar war eng CGDIS-Ekipp an enger éischter Phas op déi falsch Plaz am Land gefuer.
Knauf zu Huldang
Knauf zu Huldang
© Domingos Oliveira

Wéi de CGDIS um Freideg via Pressecommuniqué matdeelt, koum et am Kader vun deem Asaz Enn Januar zu engem mënschleche Feeler, wouduerch een op déi falsch Plaz gefuer wier. Dat ass d’Resultat vun enger interner Enquête.

Wat war passéiert?

De 25. Januar war eng Fra virum Shoppingzenter Knauf zu Huldang vun engem Auto ugestouss ginn. Nom Accident war en Appell vum CGDIS agaangen, méi genee um 18.07 Auer. D’Ekipp vum CGDIS ass doropshin allerdéngs net op Huldang, mä an d’Pommerlach gefuer.

Um 18.18 Auer huet d’Ekipp vun der Wëlzer Ambulanz den 112 informéiert, dass een am Pommerlach néierens en Accident fonnt huet.

6 Minutte méi spéit gouf dunn eng Ekipp vun Ëlwen op Huldang bei de Shoppingzenter geschéckt, déi dann och do um 18.33 Auer ukomm ass. De SAMU vun Ettelbréck ass um 18.55 Auer do ukomm.

Um 19.33 Auer sinn zwou Ambulanzen an den Ettelbrécker SAMU Richtung Ettelbrécker Spidol gefuer a sinn do um 20.10 Auer ukomm.

D’Fra war nom Accident am Spidol un hire Blessure gestuerwen.

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO