Op eise StroossenDe CGDIS mellt 3 Kollisiounen tëscht allkéiers 2 Gefierer

RTL Lëtzebuerg
Wéi aus dem 112-Bulletin ervirgeet, krute sech e Mëttwochnomëtteg zwee Autoen um Boulevard Dr. Ernest Feltgen zu Stengefort ze paken.
© RTL Archivbild

Geschitt ass den Accident kuerz viru 16.40 Auer. D’Ambulanz vu Stengefort an d’Pompjeeën aus der Stad waren op der Plaz, kengem ass eppes geschitt.

Och en Donneschdeg de Moie koum et zu 2 änleche Virfäll op eise Stroossen. Een dovunner kuerz virun 8.30 Auer zu Dippech an der Lëtzebuerger Strooss. Do gouf et dann och 2 Blesséierter. Déi drëtt Kollisioun ass op der A13, op der Héicht Helleng a Beetebuerger Kräiz geschitt. Hei gouf eng Persoun verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO