Vill lass op de StroossenDe CGDIS mellt 6 Accidenter mat 8 Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
Um Europadag gouf et eng ganz Rei Accidenter op de Stroossen uechter d'Land. Bei véier Accidenter ware Motocycliste betraff.

En Donneschdeg an der Mëttegstonn war an der Rue de Luxembourg zu Rolleng bei Miersch e Motorradsfuerer gefall. Hie gouf blesséiert.

Géint 14.14 Auer ass et op der A6 a Richtung Stad zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoe komm. De Samu aus der Stad war am Asaz. De CGDIS mellt 3 Blesséierter.

Kuerz viru 15 Auer gouf et eng weider Chute vun engem Motocyclist. Um CR343 vu Pënsch a Richtung Siwwenaler war den Accident. Eng Persoun gouf blesséiert.

Géint 15.19 Auer ass e Motocyclist zu Diddeleng um Ginzebierg gefall. Och hei gouf ee Blesséierten notéiert.

Um 15.45 Auer ass op der A13 a Richtung Péiteng een Auto an d’Leitplanke gerannt. Eng Persoun gouf blesséiert.

An da mellt de CGDIS nach eng Kollisioun tëscht engem Motorrad an engem Auto op der N15 vun Nidderfeelen an Direktioun Heischent. Och hei ass eng Persoun zu Schued komm.

Back to Top
CIM LOGO