Am Laf vum FreidegmëttegDe CGDIS mellt fënnef Blesséierter op eise Stroossen

RTL Lëtzebuerg
E Freideg am Nomëtteg ass et op fënnef Plazen uechter d'Land zu Accidenter komm, bei deene jeeweils eng Persoun blesséiert gouf.

Um 12.05 Auer hate sech um Beetebuerger Kräiz an Direktioun Stad zwee Autoen an eng Roulotte ze pake kritt.

Ronn eng véierel Stonn méi spéit war dann an der Avenue de la Faiencerie um Lampertsbierg e Gefier an e Potto gerannt.

Géint 12.30 Auer war dann zu Schëffleng an der Route d’Esch e Motosfuerer gefall a kuerz virun 13 Auer krut en Autosfuerer an der Rue de Grass e Motocyclist ze paken.

Géint 16.20 Auer gouf dann zu Béiwen eng Persoun ugestouss.

Back to Top
CIM LOGO