Bei véier AccidenterDe CGDIS mellt fënnef Blesséierter op eise Stroossen

RTL Lëtzebuerg
Um Samschdegowend waren d'Secouriste vum CGDIS op fënnef Plazen am Land bei Accidenter am Asaz.

Ugefaangen um kuerz viru 17.30 Auer, wéi um CR132 tëscht Bruch a Bech e Motocyclist gefall war. D’Ambulanz vun Iechternach an d’Pompjeeë vu Konsdref waren hei op der Plaz.

Knapps 20 Minutte méi spéit ass dann en Auto op der A1 an Direktioun Stad accidentéiert. Hei goufen zwou Persoune blesséiert. Am Asaz waren d’Ambulanze vun Iechternach an aus der Stad, grad ewéi d’Pompjeeën aus der Stad a vun Nidderaanwen.

Um 19.40 Auer gouf dann eng Persoun blesséiert, ewéi en Auto tëscht Beetebuerg an Diddeleng accidentéiert ass an nëmme kuerz drop gouf et bei engem Accident tëscht engem Auto an engem Bus tëscht dem Waldhaff a Gonnereng e weidere Blesséierten.

Back to Top
CIM LOGO