
Wéi de CGDIS mellt, huet et dann och e puer Mol op eise Stroosse gerabbelt. Et koum zu am Ganzen 5 Accidenter, dorënner 3, an déi zweeriedereg Chauffer involvéiert waren.
Ugefaangen géint Auer op der Iechternacher Strooss zu Jonglënster. Do ass ee Motocyclist gefall a gouf verwonnt. Um CR353A bei Nuechtmanescht waren et der 2 an och 2 Blesséierter. Dann ass ee weideren nach tëscht Kaalber an der Tëntesmille gefall a verwonnt.
Kuerz viru 15 Auer ass zu Bartreng en Auto bäigaangen. Hei gouf et ee Blesséierten. Zwee verwonnt Automobiliste gouf et géint 15.30 Auer nach um CR176 beim Rouden Haff, wou ee Won an e Bam gerannt.
Gebrannt hat et iwwerdeems an enger Schlofkummer zu Esch, dat kuerz viru Mëtteg. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.