"Rettung" aus grousser HéichtDe CGDIS üübt op der Fouer den Eeschtfall

RTL Lëtzebuerg
E Freideg hunn d'Rettungsdéngschter um Glacis fir de Fall geprouft, datt e Spill géif hänke bleiwen.

E Freideg am Nomëtteg ass déi offiziell Ouverture vun der Fouer an do ass natierlech och d’Sécherheet e grousst Thema.

Ier et offiziell lassgeet, huet de CGDIS e Freideg de Moien um Glacis nach den Eeschtfall geprouft, wann ee Spill géif hänke bleiwen.

Fir d’Pompjeeë vum CIS Lëtzebuerg* huet sech d’Situatioun esou duergestallt, datt e Spill a grousser Héicht hänke bliwwen ass. Mat Hëllef vun enger Dréileeder goufen déi fräiwëlleg Victimmen a Sécherheet bruecht.

Bei der Übung konnt ee sech Zäit huelen, fir sech a Rou ze preparéieren an den optimalen Zenario auszetesten: Wéi kënnt ee bei d’Manège, wou steet d’Gefier am beschten, wéi klëmmt een erop?

Am Eeschtfall geet dat Ganzt däitlech méi séier.

*An enger éischter Versioun vum Artikel hat et geheescht, datt d’Spezialunitéit vum “GRIMP” op der Plaz gewiescht wier, deem war net esou.

Back to Top
CIM LOGO