
Dëst wier eng Hausse vun 1.790 Persounen, also ronn 11.1%, am Verglach zu Juli 2023. Dës Hausse ass dann och an alle Gesellschaftsgruppe festzestellen, am däitlechste sinn d’Zuelen awer beim Grupp vun héichqualifizéierte Leit a bei der Altersgrupp tëscht 30 a 44 Joer geklommen.

D’Beräicher, an deenen de Chômage bannent engem Joer am stäerkste geklomme sinn, sinn d’Konstruktioun, d’Installatioun a Maintenance, Transport a Logistik, d’Industrie, d’Comptabilitéit, d’Informatik an am Bankesecteur.
De Chômagetaux, dee vum STATEC ermëttelt gouf, läit den Ament bei 5,8%. D’Zuel vun neien Inscriptioune bei der ADEM ass dogéint stabel bliwwen.
Am Juli hunn d’Employeure ronn 3.470 fräi Plaze bei der Adem gemellt. Dat sinn der 5,5 Prozent méi wéi am Juli zejoert.