Réckzuch aus der KommunalpolitikDe Claude Daman trëtt als Buergermeeschter vu Wäiswampech zeréck

RTL Lëtzebuerg
De Claude Daman trëtt als Buergermeeschter vu Wäiswampech zeréck. Dat huet hien an der leschter Reunioun vum Gemengerot annoncéiert.
© RTL Archiv

Dat, well hie säi Mandat net mat sengem Beruff a sengem Privatliewen ënnert een Hutt kritt. D’Zäit mat senger Famill a senge Kanner géing him ze rar ginn. Ewéi de Claude Daman erkläert, hätt hien den Zäitopwand, deen de Buergermeeschterposte mat sech bréngt, e bësse falsch ageschat:

“Ech hunn d’Zäit, definitiv mäin Zäit-Management e bësse falsch ageschat also respektiv d’Zäit, wou ee brauch, fir Buergermeeschter vun enger Gemeng ze sinn, e bësse falsch ageschat. Also wuel wëssend, datt een dräizéng Stonne Congé politique an der Woch dann zegutt huet. Et muss een awer wëssen, datt ganz vill Versammlungen awer op Zäite leien, wou net grad an normalen - soen ech einfach - normale Bürosstonne leien.”

De Claude Daman iwwert den zäitlechen Usproch vum Buergermeeschterposten

Déi 13 bis 15 Stonne Congé politique, déi een ze gutt huet, géingen net duergoen. Nieft senger professioneller Aarbecht géing hien awer och heiansdo emol nach 30-35 Stonne fir déi knapp 2.500 Awunner grouss Gemeng schaffen. Vill Reunioune wieren och baussent de Büroszäiten. Aus dësem Grond wier him d’Zäit mat senger Famill a senge Kanner ze rar ginn. “Du muss elo zrécktrieden, soss mëss de de gréisste Feeler, deens de kanns maachen. Du gesäis deng Kanner net opwuessen”, hätt hie sech gesot. Et wier awer keng Decisioun, déi hie vun haut op muer getraff hätt.

De Claude Daman wäert en endgültege Schlussstréch ënnert seng politesch Karriär zéien an och aus dem Gemengerot erausgoen, esoubal e Successeur fonnt ass. Wien de Posten iwwerhëlt, wier awer nach net kloer. Den Nach-Buergermeeschter wäert esoulaang d’Geschécker weider leeden, bis en Neie fonnt ass.

Bei de Gemengewalen zejoert war de Claude Daman mat 561 Stëmme Meeschtgewielten. Dono koumen de Mike Hahn (509), deen zesumme mam Néckel Polfer als Véiert-Gewielte (444), zum Schäfferot zielt. Fënneft-Gewielte war de Mario Dichter.

Back to Top
CIM LOGO