Nordstad-Spriecher reagéiert op "Nee" vu BettenduerfDe Claude Gleis wëll mat "Vollgas" weider un der Nordstadfusioun schaffen

Claude Zeimetz
De Projet Nordstad steet zanter Jore virun enger ongewësser Zukunft. Dës Woch huet eng weider Gemeng sech géint de Projet decidéiert.

De Spriecher vun der Nordstad a Buergermeeschter vun Ierpeldeng-Sauer, Claude Gleis, seet sech am RTL-Interview enttäuscht iwwer d’Decisioun vum Bettenduerfer Gemengerot, sech aus dem Fusiounsprojet zréckzezéien. No der Annulatioun vum Inneministère vum éischte geheime Vott huet de Conseil vu Bettenduerf e Mëttwoch den Owend jo nach emol géint d’Nordstadfusioun gestëmmt. Mat Dikrech, Ettelbréck, Schieren an eben Ierpeldeng-Sauer bleiwen domadder nach véier Gemengen iwwreg. An de Claude Gleis bleift och optimistesch, datt d’Nordstadfusioun nach eppes gi kann.

Extrait Claude Gleis

Hie géif schonn denken, datt déi Nordstadfusioun nach eng Zukunft hätt, seet den CSV-Politiker am RTL-Interview. D’Fusioun wier eminent wichteg fir d’Regioun. Et géif een op jiddefalls zu véier Gemengen elo mat Vollgas weider schaffen. “Mir dierfen och elo net ze vill Zäit verléieren, well soss kënne mer deen Timing, dee mer eis selwer ginn haten, net méi halen”, sou de Claude Gleis.

Deen Timing gesäit fir den Ament vir, datt d’Bierger an d’Biergerinnen 2027 an engem Referendum gefrot solle ginn, wéi si zu der Nordstadfusioun stinn. Deen nächste Mount elo wëllen déi véier Gemengen eng nei sougenannten “délibération concordante” unhuelen. Dat ass néideg, well mat Bettenduerf jo eng Gemeng ewechgefall ass. Vläicht géif et elo zu véier, déi och hannert dem Fusiounsprojet stinn, méi einfach ginn, hofft de Claude Gleis. En Dominoeffekt nom Out vu Bettenduerf géif hien den Ament net fäerten, seet de Spriecher vun der Nordstad. An hie wier och “gudder Déng”, datt seng eege Gemeng Ierpeldeng-Sauer trotz knappe Majoritéitsverhältnisser weider zu der Fusioun steet an d’Conseilleren, déi virdrun derfir gestëmmt hunn, dat och elo maachen.

De Projet Nordstad steet zanter Jore virun enger ongewësser Zukunft. Notamment duerch d’Fuerderung vun den Nordstadgemengen, fir zousätzlech Sue vum Interieur fir d’Fusioun ze kréien - méi wéi üblech bei Gemengefusiounen -, war Zäit verluer gaangen.

Back to Top
CIM LOGO