SyvicolDe Congé politique an d'Prioritéite vum Gemengesyndikat bis 2029

RTL Lëtzebuerg
Dat waren zwee vun den Haaptpunkten um Ordre du Jour am Comité vum Gemengesyndikat, deen um Méindeg zesumme war.
© Archiv

Syvicol - De Reportage vum Dany Rasqué

Scho virun de Walen hat de Syvicol 36 politesch Prioritéiten definéiert, dovunner haten der eng Rei et an d’Walprogrammer an dono och an de Koalitiounsaccord gepackt. Elo musse se just nach ëmgesat ginn.

De Syvicol waart, wéi säi President Emile Eicher seet, zum Beispill op e Gesetztext, an deem festgehale gëtt, datt de Gemengesyndikat an Zukunft muss gefrot ginn, wann et ëm Problemer oder Gesetzprojeten geet, déi de kommunale Secteur betreffen.

“Mir stellen eis do vir, eng Zort Chambre professionelle ze maachen. Et kann awer och en anere juristesche Background hunn, dat misst een elo nach klären. “

Natierlech ass an dësen Zäiten och de Logement eng vun de Prioritéiten. Do wënscht sech de Syvicol méi Koherenz an der Regierung.

“Et kann net sinn, datt op där enger Säit de Logementsministère seet “baut, baut, baut” an den Aménagementsministère seet “Stopp, awer net iwwerall”. Ech mengen, do misst et méi Konsequenz ginn an do missten d’Gemengen och klore Wäin ageschott kréien, fir ze wëssen, wien dann elo concernéiert ass an a wéi engem Mooss.”

Wat de Congé politique ugeet, begréisst de President vum Syvicol, datt de Gros vun den Iddien, déi schonn an der leschter Regierung um Dësch louchen, elo relativ séier via e groussherzoglecht Reglement kënnen ëmgesat ginn. Allerdéngs stéiert de Gemengesyndikat sech un enger Saach.

“Dat ass, datt d’Indemnitéit vun de Fräiberuffler an deem ale Regimm bleift. Dat heescht, nëmmen dat zweefacht vum Mindestloun. Do war d’Propositioun vun der viregter Regierung, op dat véierfacht eropzegoen an do froe mer d’Regierung, fir sech dat nach eng Kéier z’iwwerleeën. Do krute mer och vum Terrain eng ganz Partie Reklamatiounen, wou et geheescht huet, wa mer weider gutt Leit wéilten, da misst och d’Méiglechkeet geschafe ginn, datt déi eng Indemnitéit kréien, déi och eenegermoossen un dat erukënnt, wat se och soss géife verdéngen.”

De Syvicol fuerdert dann zum Beispill och e Statut fir de lokal Gewielten, et géife méi Leit an de Sozialbüroen gebraucht ginn a wat den Enseignement ugeet, wéissten d’Gemenge gär kloer, wou hir Responsabilitéit, virop bei Sécherheetsfroen ufänkt a wou se ophält. Donieft sollt de Staat d’Käschte fir de Schülertransport ganz iwwerhuelen.

Back to Top
CIM LOGO