Bilan FairtradeDe fairen Handel ass zejoert ëm méi wéi en Drëttel gewuess

RTL Lëtzebuerg
De fairen Handel huet sech 2023 net just confirméiert, mee en ass och substanziell gewuess, seet de President vu Fairtrade Lëtzebuerg.
© Didier Weber / RTL

Bilan Fairtrade Lëtzebuerg 2023 / Reportage: Chris Meisch

Den Ëmsaz ass ëm méi wéi en Drëttel geklommen. Lëtzebuerg ass domat ee vun de beschte Konsumente vu Fairtrade Produiten a ganz Europa.

79 Euro pro Joer ginn d’Leit zu Lëtzebuerg am Duerchschnëtt fir Produite mam Fairtrade-Label aus, 19 Euro méi wéi dat nach 2022 de Fall war. Dat läit ënnert anerem dorunner, dass et zu Lëtzebuerg ëmmer méi Produite mam Fairtrade-Label ginn, am Ganzen iwwer 5.000, dovu méi wéi 400 vu Lëtzebuerger Marken. De Jean-Louis Zeien, President vu Fairtrade Lëtzebuerg.

„Bestëmmte Championsliwwerketten,fir déi mol esou ze nennen, huet derzou gefouert, dass de fairen Handel signifikant gewuess ass an haut kann ee soen, d’Lëtzebuerger oder mir hei zu Lëtzebuerg, gehéieren, wat de Pro-Kapp-Verbrauch am Joer ubelaangt, zu deene beschten, net nëmmen europawäit, mee et kann ee roueg soe weltwäit.“

Nieft de Fairtrade-Banannen, dem Zocker an dem Téi, sinn et d’Rousen an neierdéngs och d’Cashewnëss, déi de meeschten Ëmsaz maachen. Am fairen Handel si virop Engagementer vu Wirtschaftsacteuren zoustänneg. Wichteg Partner wieren dobäi ënnert anerem Schoulen a Gemengen. Mat hirem neie Programm „ONLY“ setzt Fairtrade sech géint den Asaz vu Pestizide bei de Banannen an.

„Nëmme Fairtrade a biologesch Banannen zum Gudde vun der Gesondheet vun de Produzenten, zum Gudde vun der Gesondheet vum Konsument a selbstverständlech och eng Filière, wou net nëmmen d’Mënscherechter, mee och wou fair Konditioune respektéiert ginn.“

Importéiert Wueren aus Drëttlänner wieren iwwregens net onbedéngt méi ëmweltschiedlech wéi déi aus Europa. Enger Etude no, produzéieren d‘Fairtrade-Rousen aus dem Kenia zum Beispill bal 66% manner Emissioune wéi déi aus Holland, ënnersträicht Fairtrade Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO