2019 haten CSV, DP, LSAP an Déi Gréng déi 6 Mandater kritt.
Eng Partei mécht sech dëst Joer, och nom gudde Resultat bei de Chamberwalen, konkreet Hoffnungen op een éischte Sëtz zu Stroossbuerg an dat ass d’ADR, déi e Mëttwoch den Owend hire Kongress fir d’Europawal huet.
Zu Leideleng wollt een d’Memberen nach eng Kéier iwwer d’Walcampagne informéieren. Schonn am Mäerz hat d’ADR hir sechs Kandidaten an och hire Walprogramm am Slogan fir staarkt Lëtzebuerg an Europa presentéiert. D’ADR hat bis well nach ni e Sëtz am Europaparlament. Mat eppes méi wéi 10 Prozent vun de Stëmme war et bei deene leschte Walen 2019 just net duergaangen. Et hofft een elo drop, fir den Elan aus de Chamberwale mat an d’Europawalen ze huelen, sou och de Spëtzekandidat Fernand Kartheiser am RTL-Interview
“Ech géif soen, mir hu gutt Chancen. Sécher, vun alle Parteien, déi bis elo nach kee Sëtz am Europaparlament hunn, hu mir déi beschte Chancen. An ech géif och soen, datt mer déi eenzeg Partei sinn, déi sech kann Hoffnunge maachen. An déi Dynamik, déi mer haten elo, an de kommunalen an den nationale Walen, déi hëlleft natierlech.”
“Also mir géifen eis ganz sécher fir eng friddlech Léisung vun dem Krich an der Ukrain asetzen. Mir géifen och kucken, datt mer d’Rechter vu Lëtzebuerg an Europa net opginn, Stéchwuert Eestëmmegkeet. Mir sinn derfir, déi illegal Migratioun komplett ze stoppen a mir wëllen d’Meenungsfräiheet vun de Leit garantéieren. Ech mengen, dat si scho véier wichteg Punkten.”
“Den Interessi ass a priori elo manner héich wéi bei de Chamberwalen. An et gëtt ee groussen Ënnerscheed. Mir hunn natierlech nëmmen ee Walbezierk. Mir maachen zum Beispill Walversammlungen an alle Kantonen. A mir mierken awer desto méi no d’Wale kommen, desto méi Interessi ass och bei de Leit. Mir hate gëschter Owend eng Walversammlung, wou op eemol 30 Leit koumen, wat fir Lëtzebuerg aussergewéinlech vill ass. Also mir mierke wierklech, datt den Interessi wiisst, wann d’Wale méi no kommen.”