"Aueren-Affär"De Flavio Becca acceptéiert d'Urteel vun der Cour de Cassation net

RTL Lëtzebuerg
Den Entrepreneur Flavio Becca acceptéiert d'Urteel vun der Cour de Cassation an der sougenannter "Aueren-Affär" net.
De Falvio Becca wärend dem 1. Dag vum Appellprozess am Joer 2022
De Falvio Becca wärend dem 1. Dag vum Appellprozess am Joer 2022
© RTL

Wéi hien an engem Schreiwes matdeelt, geet hien de juristesche Wee géint de Staat weider a leet direkt 3 Aktioune wéinst Violatioun vum Europäesche Recht an d’Weeër.

Esou gouf bei der EU-Kommissioun eng “Plainte en manquement” deposéiert, well de Staat sengen Obligatiounen net nokomm wier, fir déi préjudiciell Froe bei der Europäescher Cour de Justice klären ze loossen.
Eng aner Requête huet de Flavio Becca beim Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter zu Stroossbuerg eragereecht. Dat well de Prozess géint hien net equitabel gewiescht wier.
Eng drëtt juristesch Demarche lancéiert de Geschäftsmann da virum Stater Bezierksgeriicht géint de Lëtzebuerger Staat. Dat fir z’erreechen, datt sech d’Europäesch Cour senger Affär unhëlt.

Am Dezember hat d’Cour de cassation d’Urteel géint de Flavio Becca wéinst dem Wäisswäsche vu Sue confirméiert.
Am Juli 2022 war de Geschäftsmann vun der Cour d’Appel wéinst “Abus de biens sociaux” an zweeter Instanz zu enger Prisongsstrof vun 12 Méint mat Sursis, enger Geldstrof vun 250.000 Euro an dem Confisquéiere vun 842 Luxus-Auere verurteelt ginn. Ronn 150 vun dësen Auere ginn iwwerdeems d’nächst Woch ëffentlech versteet. Am Prozess war d’Valeur vun den Aueren op 18 Milliounen Euro chiffréiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO