LuxTrust Token gëtt desaktivéiertDe forcéierte Wiessel op App oder Scan wërft fir vill Leit Froen op

Pierre Jans
Méi praktesch, méi einfach a virun allem méi sécher soll se sinn: d‘LuxTrust Mobile App um Handy, mat der ee sech an Zukunft online identifizéiere muss.
Lux Trust Token: De forcéierte Wiessel wërft fir vill Leit awer Froen op
Méi praktesch, méi einfach a virun allem méi sécher soll se sinn: d‘LuxTrust Mobile App um Handy, mat der ee sech an Zukunft online identifizéiere muss.

Fir Payementer zum Beispill oder wann ee sech op guichet.lu alogge wëll. Enn des Jores gëtt äre klengen Token nämlech desaktivéiert.

De forcéierte Wiessel wërft fir vill Leit awer Froen op

Verschidden Lëtzebuerger Associatiounen hu sech mat Vertrieder vu LuxTrust zesumme gedoen, fir iwwer de Wiessel vum Token op d‘App z‘informéieren. RTL war bei esou enger Versammlung dobäi.

D‘Internetstuff vun der Maison des Associations. D‘Plaze sinn all besat. Vertrieder vu LuxTrust sinn do. De Wiessel vum Token op d‘Applikatioun wär noutwenneg, erkläert den Alain Lang vu LuxTrust:

D‘Reglementatiounen hu geännert zanter der Aféierung vum Token 2008. Doduerch si mir gezwongen, op nei Technologien ze switchen. Wat mécht d‘App anescht? Bei der Connectioun weist se un, wat een deen Ament amgaang ass mat maachen, wat ee bezilt, wéi vill an u wien dass ee bezillt. Dat si Saachen, déi den Token net mécht. Dee gëtt just eng zoufälleg Zuel. Et ass eng zousätzlech Sécherheetsdimensioun dobäi komm.“

Eng Anti-Phishing Mesure also. No der Presentatioun kréien d‘Leit hei och gehollef, an d‘App ze wiesselen. Och den Carlo Speltz ass komm. Fréier als Gastronom hat hie Leit, déi d‘Comptabilitéit gemaach hunn. Elo hëlt hien dat selwer an d‘Hand: „Dat do ass einfach eng Mussesaach fir mech fir à jour ze sinn. Wann eent vu mengen dräi Kanner freet: Pappi, du weess jo, wéi dass du domat ëmgees, da kann ech soen: selbstverständlech!“

Wéi fonctionéiert et? Hei kuerz erkläert.

- Dir luet d‘LuxTrust Mobile-Applikatioun am Digital-Buttek vun Ärem respektiven Handy-Betribssystem erof.

- Als LuxTrust-Client muss der Iech wéi bis ewell mam Token mat der ID an dem Passwuert umellen.

- Am beschten hutt Dir Ären Token nach net ewech gehäit a benotzt deen, fir d‘App z‘aktivéieren. Am anere Fall bei LuxTrust uruffen.

- Duerno riicht Dir Äre Kont an.

- Da kritt Dir en SMS mat engem Link fir d‘Aktivatioun ofzeschléissen.

Voila .. et si wuel Demarchen ze maachen, mä mat e bëssen Hëllef geet et. Dat confirméiert d‘Rodina Nasser, déi sech och Hëllef gesicht hat: „Jo d‘App ass méi praktesch a méi sécher ewéi den Token.

D‘Vertrieder vu LuxTrust wëssen och, dass net all d‘Cliente mam Smartphone eens ginn, respektiv dat wëllen. Dofir präziséiert den Alain Lang: „Et gëtt och nach eng physesch Alternativ zu der App: de Scan-Apparat. Domat scannt een de QR-Code vun engem Ecran, fir OTPen ze generéieren.“

Also: déi temporär Passwierder. Just besser securiséiert ewéi beim Token, heescht et. Luxtrust App oder Scan – béides erlaabt et, seng Demarchen a Payementer wéi elo och nach um Computer ze maachen.

Wien déi éischt zwou Info-Reuniounen verpasst huet, kee Problem: Den 8. Oktober ass nach eng um 18 Auer beim CLAE an der Gaasperecher Strooss an der Stad.

Back to Top
CIM LOGO