Ni eruewert an awer gefallDe Fort de Fermont a seng speziell Roll am Zweete Weltkrich

Marc Hoscheid
Wärend fréier hei gekämpft gouf, kann een de Fort haut besiichtegen. Nieft der Entrée gëtt zudeem an engem Musée un den Zaldot Florian Piton erënnert.
De Fort de Fermont huet am Zweete Weltkrich seng speziell Roll gespillt.
Obwuel de Ford de Fermont am Zweete Weltrich net eruewert gouf, huet déi franséisch Kapitulatioun säin Enn bedeit.

Grad emol 20 Kilometer vun der Lëtzebuerger Grenz ewech läit dat franséischt Fermont. Am Bësch um Bord vun der klenger Uertschaft steet ee Fort, eng gréisstendeels ënnerierdesch Bunkeranlag, deen Deel vun der Maginot-Linn war. Wärend am Zweete Weltkrich hei gekämpft gouf, kann een de Fort haut besiichtegen. Direkt nieft der Entrée gëtt zudeem an engem Musée un d’Affer erënnert, déi déi franséisch Zaldote bruecht hunn.

De Fort de Fermont huet am Zweete Weltkrich seng speziell Roll gespillt.
Obwuel de Ford de Fermont am Zweete Weltrich net eruewert gouf, huet déi franséisch Kapitulatioun säin Enn bedeit.

Obwuel mol keng hallef Stonn mam Auto vu Lëtzebuerg fort, dierft de Fort de Fermont wuel deene mannsten ee Begrëff sinn. E gouf tëscht 1931 an 1935 virun allem mat der Hëllef vun de Baueren aus der Regioun gebaut a war als Verdeedegung géint een däitschen Ugrëff geduecht. Ma och wann de Fort am Zweete Weltkrich net militäresch eruewert gouf, hunn d’Verdeedeger deenen Däitschen no der franséischer Kapitulatioun 1940 frustréiert d’Schlëssele fir véier Joer mussen iwwerreechen. Bei de Kämpf gouf et op franséischer Säit just ee schwéier Blesséierten an een Doudegen, an zwar den Zaldot Florian Piton. Fir un hien, mee och fir un den Asaz vun deenen aneren Zaldoten ze erënneren, gouf vu Fräiwëllegen de Musée du combattant de 1940 opgebaut. Hei kritt een een Abléck an d’Fonctionnement vum Fort. Wat d’Verdeedegungstechnik ugeet, sou war déi fir déi deemoleg Zäit top modern, ma dat gëllt och fir aner Beräicher.

Édouard Jacque (President Association des amis de l’ouvrage du Fort de Fermont et de la Ligne Maginot)
“Il faut imaginer, des agriculteurs, les mineurs, les sidérurgiques qui ont participé à sa construction ou les 600 militaires qui étaient ici n’avaient pas l’eau courante parfois dans leurs propres maisons dans la France rurale du début du 20ième siècle. Ils avaient parfois pas d’électricité. Alors que ici, ils y avaient tout, sauf qu’il fallait parfois vivre à 30 mètres sous terre.”

An ee Bild vun der Welt, 30 Meter ënnert dem Buedem, kann ee sech haut am Kader vu Visite-guidéeë maachen. Et fillt ee sech e bëssi wéi an engem U-Boot, wann een duerch déi laang, däischter, fiicht Gäng trëppelt. Gläichzäiteg ass et eng Zort Parallelwelt. Fir déi 600 Zaldote gouf et Schlofraim, giess gouf an de Gäng. Eng medezinesch Versuergung war garantéiert, genee wéi den Amusement. Fir dee ganze Komplex zu Fouss ze entdecken, bräicht een zwee Deeg. Ma et gëtt och ee klengen Zuch, deen elektresch bedriwwe gëtt.

“A l’intérieur du fort on ne peut pas avoir un véhicule thermique.Si on a un véhicule thermique on est immédiatement dans une situation de pollution des 600 hommes. Avec deux ou trois véhicules, ça peut pas durer. C’est la raison pour laquelle l’électricité avait été choisie à l’époque. ça existait déjà, les trains électriques, comme certaines voitures électriques, trottinettes électriques ou autres véhicules. On a encore deux locotracteurs, dont un qu’on souhaiterait exposer au future musée du train de Pétange/Rodange.”

Bleift ofzewaarden, ob déi Lëtzebuerger Responsabel Interessi um Zuch hunn, dee se zu Fermont am Geck TGV, Train de grandes vibrations, nennen. Wat de Fort ugeet, sou hunn d’Amerikaner dësen 1944 wärend der Schluecht ëm Baaschtnech als Base logistique genotzt. Haut géing en iwwerdeems een Deel zum Ëmweltschutz bäidroen, well sech ronderëm d’Bunkere Biodiversitéitsreservoire gebilt hätten. Wien de Fort dëst Joer vu banne gesi wëll, huet nach zwou Chancen, an zwar den 1. an den 11. November jeeweils um 15 Auer mëttes. D’Visitten dauere ronn zwou Stonnen.

Back to Top
CIM LOGO