
Do hat et ee fatzege Sträit ëm d’Gouvernance ginn tëscht dem Direkter François Georges an dem gréissten Deel vum Verwaltungsrot mat virop dem President Norbert Conter. De François Georges krut gekënnegt, eng Entloossung, déi och um Référé duerchkoum.
Wéinst Formfeeler bei der Prozedur war de François Georges awer weiderhin Member am Verwaltungsrot vun der ASBL déi hannert der Beschäftegungsinitiative steet.
Um Freideg huet de François Georges am Conseil vun där ASBL seng Demissioun ginn. Dat selwecht gëllt fir d’CSV-Politikerin Martine Mergen, déi dem Här Georges an deem ganze Sträit de Réck wollt stäipen.
Béid Demissioune waren a Presenz vum Vetrieder vum Staat an deem Verwaltungsrot