RIPDe fréiere grénge Politiker a Gewerkschaftler Nick Clesen ass dout

Claude Zeimetz
Den Nick Clesen souz vun 1989 bis 1994 zesumme mam Jup Weber fir d’Gréng Lëscht Ekologesch Initiativ (GLEI) an der Chamber.

Hien ass an der Nuecht op en Donneschdeg am Alter vu 67 Joer gestuerwen.

Den Nick Clesen war den 10. Oktober 1989 bei deenen néng Politiker derbäi, déi um Krautmaart d’Trapen an enger deemools spektakulärer Aktioun besat haten, fir méi Rechter fir déi kleng politesch Gruppéierungen ze fuerderen.

Den Nick Clesen war och gemengepolitesch zu Beetebuerg aktiv, war Zentralsekretär beim OGBL an Inspekter bei der ITM.

RTL dréckt der Famill vum Verstuerwene säin häerzlecht Bäileed aus.

Back to Top
CIM LOGO