Am Alter vu 86 JoerDe fréieren LSAP-Deputéierten a Wëlzer Buergermeeschter André Biver ass dout

RTL Lëtzebuerg
Den André Biver ass e Samschdeg de Moien am Alter vu 86 Joer gestuerwen.

Hien huet sech iwwer Joerzéngte fir seng Gemeng agesat. 1970 gouf den André Biver eng éischte Kéier an de Gemengerot gewielt, duerno gouf hien éischte Schäffen a vun 1988 bis 1993 huet hien d’Geschécker an der Gemeng als Buergermeeschter geleet. 1989 gouf hie fir seng Partei an d’Chamber gewielt, wou hien den Norde wärend engem Mandat vertrueden huet.

Back to Top
CIM LOGO