
D’Gewerkschaftler souzen hei zwee Deeg beieneen an hunn en Appell un d’Politik gemaach, deen entspriechende Gesetzesprojet nach bis zum Enn vum Joer ze stëmmen.
Iwwert d’Verhandlungen an d’Fuerderunge fir den nächste Gehälteraccord geet iwwerdeem weider net am Detail am Schreiwes vun der Staatsbeamtegewerkschaft rieds, ausser datt dës Verhandlungen Enn des Jores ufänken an, datt d’Regierung bannent den nächste Woche wäert e Revendikatiounskatalog kréien. Kloer wier: eng substantiell linear Hausse vum Punktwäert wier e “Must”.
D’Rentereform ass iwwerdeem net nom Goût vun der CGFP. Wéi et heescht dierft net iwwerstierzt an oniwwerluecht gehandelt ginn, well d’Pensiounskeese mat 27 Milliarden Euro gutt gefëllt wieren.
Datt d’Patronat eng Spuerpolitik wéilt dekretéieren, ass fir d’CGFP net fondéiert, well dëst eng ekonomesch Brems mat uerge Suitte fir déi sozial an ekonomesch Entwécklunge vum Land wier. D’CGFP begréisst et dann och explizitt, datt Jonker an d’Rentendiskussioune mat abezu ginn.